Karate 1 Premier League zu RabatJenny Warling kämpft e Sonndeg ëm Gold

RTL Lëtzebuerg
Fir d'lescht hat d'Lëtzebuergerin 2021 bei engem Karate-1-Premier-League-Tournoi eng Medail gewonnen.
D'Jenny Warling zu Rabat
D'Jenny Warling zu Rabat
© Privat

D'Jenny Warling steet beim Karate-1-Premier-League-Tournoi* zu Rabat a Marokko an der Finall. D'Karateka aus dem Grand-Duché, déi fir hire Veräin KC Walfer an net fir d'Nationalekipp ugetrueden ass, kämpft e Sonndeg géint d'Japanerin Rina Kodo ëm Gold.

De Wee vum Jenny Warling an d'Finall

An der Gruppephas e Freideg huet d'Lëtzebuergerin hiren éischte Kampf mat 4:5 géint d'Belsch Aya El Aidi verluer. Duerno gouf et eng wichteg 1:0-Victoire géint d'Nummer 3 op der Welt Nina Kvasnicova aus der Slowakei. Am leschte Kampf huet d'Jenny Warling 2:2 géint d'Kasachin Assemgul Yerdaulet gekämpft an duerch Senshu gewonnen. Si hat den éischte Punkt am Kampf gemaach an doduerch bei Gläichstand gewonnen. Well souwuel d'Kvasnicova wéi och d'Lëtzebuergerin zwou Victoiren an der Gruppephas gefeiert hunn, huet den direkte Verglach iwwer déi éischt Plaz decidéiert. Hei war d'Jenny Warling besser an ass als Éischt an d'K.o.-Ronn agezunn.

An der Véirelsfinall huet d'Jenny Warling mat 1:0 géint d'Marokkanerin Roumayssae Tarkou gewonnen. An der Halleffinall gouf et eng 1:0-Victoire géint d'Japanerin Airi Shima. Domadder kämpft d'Jenny Warling e Sonndeg um 14:00 Auer Lëtzebuerger Zäit ëm d'Goldmedail. Géignerin ass d'Rina Kodo aus Japan. Si ass aktuell d'Nummer 9 op der Welt.

Déi lescht Medail bei engem K1-Premier-League-Tournoi huet déi 32 Joer al Karateka 2021 zu Moskau gewonnen. Deemools gouf et Bronze fir d'Lëtzebuergerin.

*D'Karate 1 Premier League gëllt als déi héchst Tournoi-Serie am internationale Karate. Et ginn nëmme véier Tournoie pro Joer organiséiert, an an all Gewiichtsklass dierfen nëmmen déi 32-bescht Athletinnen an Athleten op der Welt deelhuelen.

Back to Top
CIM LOGO