
Den George Russell geet e Sonndeg vun der Pole Position aus an de Grousse Präis vu Barcelona-Katalounien. De Mercedes-Pilot ass e Samschdeg am Qualifying déi séierste Ronn gefuer an huet sech virum Lewis Hamilton am Ferrari an dem Kimi Antonelli am zweete Mercedes behaapt. Op déi véierte Plaz ass de Lando Norris am McLaren gefuer.
Fir de WM-Leader Antonelli ass et an dëser Saison déi éischte Kéier, datt hien net aus der éischter Rei an d'Course geet. De jonken Italiener huet dës Saison jo bis ewell fënnef vun de sechs Coursse gewonnen.
De Q3 hat fir kuerz Zäit missen ënnerbrach ginn. De Charles Leclerc hat an der Kéier 4 d'Kontroll iwwer säi Ferrari verluer a war frontal agerannt. Säin Auto war duerno staark beschiedegt an d'Streck huet misse geraumt ginn, ier et nees konnt weider goen.
Ob dem George Russell e Sonndeg déi zweet Victoire an dëser Saison geléngt, kënnt Dir vu 14:20 Auer u live op RTL ZWEE an RTL Play live suivéieren.
Direkt am Q1 war Schluss fir déi zwee Cadillac-Pilote Sergio Perez a Valtteri Bottas, déi zwee Aston-Martin-Pilote Lance Stroll a Fernando Alonso an da war et och den Out fir den Alexander Albon am Williams an den Esteban Ocon am Haas.
Net an déi lescht Quali-Ronn gepackt hunn et och de Racing-Bulls-Pilot Arvid Lindblad, déi zwee Alpine-Pilote Franco Colapinto a Pierre Gasly, de Gabriel Bortoleto am Audi, den Oliver Bearman am Haas an de Carlos Sainz am Williams.