Sponsored ContentNeiegkeeten um ELTERENTELEFON

RTL Lëtzebuerg

„Et brauch een en Duerf fir e Kand grouss ze zéien.“

Dat ass een afrikanescht Spréchwuert. Et brauch d'Elteren, d'Famill, d'Ëmfeld, d'Schoul, d'Veräiner, d'Noperschaft, de Staat, d'Gesellschaft. Eltere sinn ass wonnerschéin, awer heiansdo net esou einfach. Eltere mussen net eleng bleiwe mat hire Froen, Suergen, Gedanken, Erausfuerderungen.

Ganz am Sënn vun dësem Spréchwuert wëlle mir Elteren dozou bréngen sech Ënnerstëtzung ze huelen, sech auszetauschen, sech matzedeelen, sech Hëllef a Rot ze sichen.
Mir plädéieren och dofir, dass et keen Tabu soll sinn iwwer Erausfuerderungen, Konflikter oder Problemer ze schwätzen. Schonn eleng driwwer schwätze kann heiansdo schonn eng Erliichterung an hëllefräich sinn.
Dat soziaalt Netz ass grouss zu Lëtzebuerg, dofir ass et heiansdo guer net esou liicht, erauszefannen u wien een sech wende kann a wat et alles gëtt.
Heiansdo sinn d'Waardezäite laang bei den Institutiounen an et waart ee Méint fir e Rendezvous ze kréien.

Den ELTERENTELEFON kann hei eng gutt Ënnerstëtzung sinn.

Mir orientéieren, beroden, ënnerstëtze bei Froen, Problemer, Krisen. Mir hunn ëmmer een oppent Ouer, d'Gespréicher sinn anonym a vertraulech. Mir hunn Zäit. Mir stäerken, begleeden, informéieren an ënnerstëtzen. Mir sinn eng sécher Platz. Bei eis kënnen Elteren, Grousselteren, oder Mënschen, déi a Kontakt mat Kanner a Jugendlecher sinn, iwwer all Themen ëm d'Famill, Kanner a Jugendlecher schwätzen. Eis Beroder kennen dat soziaalt Netz ganz gutt a kënnen un déi richteg Servicer an Institutioune weiderverweisen. Mir kënnen hëllefen, Waardezäiten ze iwwerbrécken.

Mat wéi engen Theme kënnt Dir Iech un den Elterentelefon wenden?

Froe wéi: „de Max huet sech verännert, ass dat normal an dëser Entwécklungsphas?“, „Et ass grad erëm esou eng schwiereg Zäit, ech komme wierklech u meng Grenzen“, „Ech hunn d'Gefill, ech dréngen net méi zum Ana duerch“, „den Elias huet sech vill verännert säitdeem hien an der Pubertéit ass“, „Säit der Trennung mat menger Fra ass et komplizéiert, et gëtt all Dag Sträit“, „Wat kann ech nach maachen, ëmmer erëm hu mir Sträit bei den Hausaufgaben“, „De Finn ass permanent online a wann ech him den Handy ewech huelen ass eng Kris virprogramméiert“, „Ech sinn total iwwerfuerdert a weess net méi weider“…

Leider berichten Elteren a Grousselteren awer och vun depressive Verstëmmungen, Mobbing, Cybermobbing, Gewaltsituatiounen oder vu Mëssbrauch. Heiansdo schwätzen Eltere fir d'aller éischte Kéier dëst Thema un. Mir si fir si do an hirer Nout, beroden, orientéieren an ënnerstëtzen. All eenzel Fro, Suerg, Problem ass wëllkomm. Kee Problem ass ze grouss oder ze kleng.

Neies beim ELTERENTELEFON

Den Elterentelefon ass elo scho säit 2007 feste Bestanddeel vum KJT. D'Beroder:innen um Elterentelefon sinn ausgebilten haaptberufflech a benevole Mataarbechter:innen. All eis Beroder:innen kréien, begleedend zu hirer Tätegkeet um Elterentelefon, reegelméisseg Supervisiounen a Weiderbildungen.

Ab dem 12. Oktober ass den Elterentelefon iwwer eng nei Nummer erreechbar. Dës Nummer ass vill méi liicht ze verhalen, an doriwwer eraus, wéi déi aner Servicer och, elo gratis. Déi nei Nummer ass: 8002-4444. Matt der Virwal (00352) si mer esouguer aus dem Ausland ze erreechen, wann der an der Vakanz sidd oder iwwer d'Grenz wunnt oder schafft.

Bis elo konnten engleschsproocheg Elteren sech just online un eis wenden. Ab dem 12. Oktober ass den Elterentelefon elo och all Méindes vun 18-20h iwwer Telefon an engem direkte Gespréich ob englesch erreechbar.

Feiert mat eis!

Mir freeën eis mat iech ze feieren a lueden iech fir den 12.10. um 18:45 Auer an de Kino Utopia op eise grousse „Launch Event“ an. Hei verëffentleche mir en neie Videoclip iwwert den Elterentelefon produzéiert vum Tun Biever (Two Steps Twice), ënnert der Regie vum Kiyan Agadjani. Reservéiert är Platzen hei: https://tinyurl.com/5n6vbhvy  (gratis Event). Fir den offizielle Launch ofzeschléisse weise mir, mat der Ënnerstëtzung vu Luxfilmfest, de Film: The Sleeping Beast (Estesch OV mat EN Ënnertitel) mat uschléissend enger Diskussiounsronn an engem Patt. Mir géifen eis freeën, mat iech zesummen dës Weiderentwécklung vum KJT ze feieren.

Back to Top
CIM LOGO