
Et ass Autofestival an Dir sidd prett, fir Iech en neien Auto ze kafen: Déi meescht Autosfuerer sinn esou begeeschtert vun dëser Iddi dass si de finanziellen Impakt net realiséieren. Ze verstoe wéi e Leasing oder en Autosprêt Äre Budget all Mount affektéiert hëlleft Iech de richtege Choix ze maachen.
Autoskredit
Den Autoskredit ass eng Investitiounsléisung bei där Dir bei der Bank Sue léint. Dir gitt da Proprietär vun Ärem Auto. All d'Käschte vum Auto falen Iech zu Laascht: de Bensinn, d'Pneuen, d'Revisiounen, d'Assurance an d'Taxen. De Finanzinstitut léint Iech Suen, mee fir de Rescht musst Dir selwer eens ginn. Wann de Prêt ofleeft, kënnt Dir Ären Auto verkafen an en Deel vun Ärer Mise erëmkréien.
Leasing
E Leasing ass wéi eng laangfristeg Locatioun. Dir engagéiert Iech fir op eng laang Zäit Paiementer ze maachen an zum Schluss gitt Dir den Auto zeréck- e bësschen esou wéi wann Dir en Auto an der Vakanz géift lounen. De Leasingsorganismus verlount Iech den Auto mat enger kompletter Prise en charge vun de weideren Onkäschten. Dir musst Iech un eng bestëmmt Kilometerzuel halen an dir bezuelt eng Strof fir all weidere Kilometer, wann der dës Limitt iwwerschreit. Weider Onkäschte kommen derbäi fir all Schued deen net zum normale Verschläiss gehéiert - sou wéi bei engem Locatiounsauto. Wann de Kontrakt ofgelaf ass, gitt dir den Auto zeréck, well en Iech jo net gehéiert, ausser wann Dir eng Locatioun mat Kafsoptioun gewielt hutt.
Also, op där enger Säit léint een Iech Suen, op där anerer Säit den Auto.
Op den éischte Bléck schéngen den Autoskredit an de Leasing zimmlecht selwecht. An deenen zwee Fäll maacht Dir all Mount e Paiement a kritt dofir en Auto gestalt. An awer funktionéiert de Leasing ganz anescht wéi déi aner Autosfinanzéierungen, zemools wann een d'Optiounen an d'Oploen um Enn um Kontrakt kuckt.
| Leasing | Autosprêt | |
| Autostyp | Nei a rezent Autoen. | All Autoen: nei an Occasioun. |
| Ursprénglech Käschten | Normalerweis keng, mee fir d'Mensualitéiten erofzesetzen ass en Apport ubruecht. | Dir braucht kee perséinlechen Apport. |
| Käschte pro Mount | D'Mensualitéiten si normalerweis méi kleng. | D'Mensualitéiten si normalerweis méi héich wéi de Loyer vum Leasing. |
| Entretien | D'Leasingsautoen hunn normalerweis en Ënnerhaltskontrakt. | Als Proprietär sidd Dir responsabel fir all Ënnerhaltskäschten. |
| Normale Verschläiss | Dir musst Ären Auto an engem gudden Zoustand halen, soss kënnen zousätzlech Käschte verrechent ginn. | De Verschläiss huet keen Afloss op de Prêt, mee kann de globale Wäert vum Auto erofsetzen. |
| Kilometrage | De Leasing huet e limitéierte Kilometrage normalerweis tëschent 20.000 a 25.000 Kilometer pro Joer. Zum Schluss vum Bail musst Dir e Supplement fir all iwwerschrattene Kilometer bezuelen. | Dir kënnt esou vill Kilometer fuere wéi dir wëllt. |
| Personalisatioun | D'Personalisatioun oder Modifikatioun vum Ausgesi vum Auto kann de Kontrakt briechen oder zousätzlech Käschte mat sech bréngen. | Dir kënnt den Auto esou gestalte wéi dir Loscht hutt. |
| Besëtz | Dir sidd net Proprietär vum Auto, mee dir bezuelt eppes fir den exklusive Gebrauch vum Auto wärend der Lafzäit vum Kontrakt. Zum Schluss vum Leasing musst Dir den Auto zeréckginn, ausser Dir hutt eng Kafsoptioun an e Reschtbetrag zeréckzebezuelen. | Dir sidd Proprietär vum Auto a bezuelt all Mount eppes fir en zeréckzebezuelen. Dir kënnt en natierlech zu all Moment verkafen oder virzäiteg zeréckbezuelen (meeschtens ouni Strof) oder eng Paus maachen, wann Dir ze vill Ausgaben hutt. |
| Enn vum Kontrakt | Um Enn vum Kontrakt kënnt Dir den Auto zeréckginn, kafen oder ëmtauschen. | Um Enn vum Autoskredit sidd Dir Proprietär vum Auto, dir kënnt en halen, verkafen oder ëmtauschen. |
Jiddereen huet verschidde Prioritéiten-souwuel an den Autoen, am Gebrauch an an der Finanzéierung. Wat sinn Är Prioritéiten? Stellt Iech déi Fro an dem Moment wou dir tëschent dem Leasing an dem Autoskredit wielt. Dir kënnt zeréckbehalen, dass de Leasing éischter fir Autosfuerer ass, déi oft den Auto wiesselen, e bitt en optimale Gebrauchsconfort, dir braucht Iech em näischt ze këmmeren, mee dëse Virdeel kascht och eppes, verléiert dat net aus den Aen. Op der anerer Säit bitt den Autoskredit och Virdeeler, wéi d'Fräiheet fir den Auto ze benotzen, de Verkafswäert ze bestëmmen an et kann een d'Zënse vum Prêt steierlech ofsetzen.