Sponsored ContentNuddelen aus eiser Géigend: De Goût vu schéine Geschichten

RTL Lëtzebuerg

Fir gutt Nuddelen hierzestellen, brauch een éischtklassege Schmull. A fir dee bei Hand ze hunn, huet d'Mark Le Moulin 1704 beschloss, eng räsonéiert Landwirtschaft ze bedreiwen. Deemno duerchlafen d'Haartweessekäre fir d'Hierstelle vu gudder Pasta e strenge Selektiounsprozess baséierend op Familljen-Traditiounen.

D'Nuddele vu Le Moulin 1704, déi huet ee gär, ob „al dente“, zaart, mat oder ouni Zooss, um 3 Auer an der Nuecht, ganz eleng, zu zweet, tëscht Frënn oder an der Famill mat de Kanner. Mat hinne begéint een sech, mécht een déi aner frou an sech selwer och. Mat hinnen entsti Geschichten, déi geschriwwen a gedeelt ginn.

Nuddelen a Verpackungen aus 100% recycléierbarem Kartong

Mat hinne geet et och ëm Engagement fir de Respekt vun der Ëmwelt an den zukünftege Generatiounen. Vun elo u weisen d'Nuddele vu Le Moulin 1704 sech an engem neie Packaging. Si kréien nei ëmweltfrëndlech Verpackungen aus FSC (Forest Stewardship Council) zertifizéiertem Kartong. Fir d'Mark ass dëst e weidere Beweis fir d'Bedeitung, déi si enger nohalteger Zukunft zouschreift.

Fir weider Informatiounen

En „Ticket d'Or“ fir d'Pasta-Libhaber

Zu dëser Geleeënheet lancéiert d'Mark Le Moulin 1704 hiert Gewënnspill „Tickets d'Or“ fir alle Pasta-Libhaber eng aussergewéinlech kulinaresch Erfarung ze erméiglechen. Lauschtert eemol gutt… A fënnef vun den neie Verpackunge vun de Le Moulin 1704 Nuddelen, disponibel an alle grousse Liewensmëttel-Butteker zu Lëtzebuerg, sinn dës gëllen Tickete verstoppt! Fir déi glécklech Leit, déi se fanne gëtt esou en Ticket d'Or Recht op e gastronomescht Owesiessen doheem mam bekannten Traiteur Julien Cliquet a senger fantastescher Ekipp.

All Nuddelen

Avis aux gourmands ! Rendez-vous am Rayon vun de Le Moulin 1704 Nuddelen an de Verkafsplazen zu Lëtzebuerg fir en eenzegaartegt kulinarescht Erliefnes!

Fir weider Informatiounen, Rendez-vous op lesmoulins.lu.

Back to Top
CIM LOGO