
Mat Ouschtere kënnt d'Fréijoer zeréck an och déi éischt sonneg Deeg. Dëst Joer begleede mir Iech fir dës Occasioun mat engem speziell fir dës Feier konzipéierte Konzept: avis aux amateurs mat der Mousse Choco Crousty an der Decoratioun a Form vun engem „Hieschen“, deen Är Léifst ameséiere wäert… Eng Schneekegkeet déi op der Zong zergeet, mat enger feiner, knuspereger Textur bannendran, déi en onwidderstéileche Kontrast kreéiert. De Goût vu Schockelasmëllech ass ideal fir Kanner…

Loscht op e fruuchtege Goût an eppes Liichtem? Dann ass eis Charlotte Framboises genau dat Richtegt fir Iech! Et gëtt se souwuel am Klenge fir eng „Solo“-Paus an der Bäckerei, wéi och am Groussen, fir déi ganz Famill ze verwinnen. Dësen Dessert mat Läffelsbiscuite besteet aus Vanillstoffi ënnert enger Couche Hammbiersconfit. Fir dat Ganzt ofzeschléissen, sinn e puer frësch Hammbieren uewen op der Charlotte!

Niewent dësen Top-Kreatiounen dëst Joer, bitt d'Bäckerei Fischer natierlech och d'Mokka-Bottercrème un, déi net méi virgestallt gi muss, grad sou wéi den traditionelle Cake Agneau! De säftegen a liicht parfuméierte Cake ass zu engem Muss ginn. En traditionellt Rezept, dat un d'Kandheet an un d'Freed vun de Fréijoersfester erënnert.
Schlussendlech dierf och eis Gamme mam Ouschterschockela net vergiess ginn! Vun Hiesercher déi laachen iwwert d'Eeër, Fischer huet un d'Ouschtereeërsich an Ärem Gaart geduecht. Lo ass et un Iech!
Maacht aus dësem Fest en onvergiessleche Moment mat den Ouschterkreatioune vu Fischer!
Vum 2. Abrëll u fannt Dir an all de Fischer-Butteker d'Ouschterspezialitéiten.
D'Ouschtergamme vun der Bäckerei Fischer entdecken