Sponsored ContentPolitesch a budgetär Spannungen op béide Säite vum Atlantik

RTL Lëtzebuerg

Déi ugespaant Budgetssituatioun an den USA an a Frankräich féiert erëm zu politesche Spannungen. Den US-Dollar profitéiert vun dëser Situatioun.

Shutdown an den USA zënter dem 1. Oktober a Kraaft

An den USA waren d’Gespréicher tëscht dem republikaneschen an dem demokratesche Lager fir d’Verlängerung vun der federaler Finanzéierung net erfollegräich. De Manktem un enger qualifizéierter Majoritéit am Senat huet dozou gefouert, datt net-essenziell Regierungsdéngschter zënter dem 1. Oktober zougemaach goufen. De Virschlag vun de Republikaner vun enger einfacher Verlängerung vum aktuelle Budget bis Enn November gouf vun den Demokraten ofgeleent, déi hirersäits d’Erneierung vun de Steierkreditter a Subventiounen am Gesondheetssecteur gefuerdert hunn.

Déi direkt Konsequenz vun dëser Budgetsblockad ass de Chômage technique vu ronn 750.000 US-Staatsbeamten. D’Trump-Administratioun huet och en temporäert Afréiere vun der Finanzéierung fir Infrastrukturprojeten ugekënnegt, haaptsächlech an den demokratesche Staaten. Och d’Finanzmäert si betraff. Den US-Aarbechtsministère (BLS) konnt dofir de mensuelle Beschäftegungsrapport ugangs vum Mount net publizéieren. Dëse Retard vun der Publikatioun schuet den Investisseuren. Zur Erënnerung: Den an de leschte Méint konstatéierten däitleche Réckgang bei der Schafung vun Aarbechtsplaze war de Grond fir eng Wenn an der Geldpolitik am September, déi zu enger éischter Zënssenkung säit dem Joresufank gefouert huet.

Eng relativ heefeg Blockad an den USA mat limitéierten ekonomesche Konsequenzen

Esou eng Situatioun ass awer net nei. Zënter der Mëtt vun de 70er Jore gëtt et an de Vereenegte Staate méi wéi 20 Phasen, an deenen de Budget blockéiert an d’US-Bundesverwaltung deelweis lamgeluecht gouf. Déi längst Phas, 35 Deeg, war wärend dem Donald Trump senger éischter Amtszäit. Déi direkt wirtschaftlech Konsequenze vun engem Shutdown si glécklecherweis am Allgemenge relativ limitéiert a leie bei ongeféier 0,1% vum PIB pro Woch, woubäi et bei der Reprise vun de US-Bundesservicer zu engem erhieflechen Nohueleffekt kënnt, virun allem wéinst dem Bezuele vun de Pai-Arriéréen.

D’Ukënnegung vu massiven Entloossungen – méi wéi 4.000 Aarbechtsplazen am ëffentlechen Déngscht – an d’Verlängerung vun dëser Budgetssakgaass kéinten d’Wirtschaft awer weider schwächen a méi bedeitend aner Auswierkungen op d’Vertraue vun de Betriber an de Konsumenten hunn.

Nei Regierung a Frankräich, fragil a scho vun engem Mësstrauensvott menacéiert

D’Eurozon steet och virun engem zouhuelende politesche Risiko. D’Ursaach ass déi grouss Instabilitéit a Frankräich zënter der Opléisung am Juni 2024. Kaum opgestallt, schéngt déi fënneft Regierung - Lecornu II - bannent 15 Méint scho ganz fragil. D’Haaptzil vun der neier Ekipp ass et, e Budget fir 2026 op d’Been ze stellen. D’Aufgab ass komplex: An enger Assemblée nationale ouni Majoritéit muss e glafwierdegen Trajet fir d’Reduktioun vum Defizit festgeluecht ginn, ouni d’Wuesstemsdynamik ze beanträchtegen.

D’ëffentlech Finanze vum Land si fragil. De franséische Solde primaire - de Solde budgétaire ouni Zënskäschten - läit zënter 2001 konstant am negative Beräich an d’Staatsschold ass däitlech eropgaangen (113% vum PIB am Joer 2024). D’Regierung muss d’Ausgabe reduzéieren, déi méi wéi 57% vum PIB ausmaachen.

Dës politesch Spannunge sinn den Haaptgrond fir d’Ofschwächung vum Euro géintiwwer dem Dollar ëm ongeféier 2,5% an de leschte Wochen.

Handelsspannungen tëscht den USA a China huelen erëm zou

An engem ugespaante Kontext huet d’Ukënnegung vu China, d’Kontroll vun den Exporter vu seelen Äerd ze verschäerfen, d’Roserei vun der Trump-Administratioun ausgeléist. Den US-President huet reagéiert, andeems hien d’Aféierung vun zousätzlechen Douanestaxe vu bis zu 100% op all chineesesch Importatiounen ab dem 1. November ugekënnegt huet, souwéi aner Restriktiounen, virun allem bei de Software-Exportatiounen. Den Trump huet gedrot, ee fir den 31. Oktober an 1. November a Südkorea wärend dem APEC-Gipfel (Asia-Pacific Economic Cooperation) geplangt Treffe mam Präsident Xi ofzesoen.

Mir mengen, datt China weiderhin iwwer e staarke Verhandlungshiewel verfüügt. Op der enger Säit huet d’Land seng amerikanesch Exporter däitlech reduzéiert, déi elo nëmme méi 10% vun de gesamten Exportatiounen ausmaachen. Op der anerer Säit ass d’amerikanesch Ofhängegkeet vu seelen Äerd aus China, besonnesch am Technologie- a Verdeedegungssecteur, grouss. D’USA wäerten dofir engem Accord net entgoe kënnen an all Eskalatioun wier schiedlech fir d’amerikanesch Wirtschaft.

Risikoräich Verméigenswäerter klamme weider

D’Aktiemäert sinn an de leschte Méint weider eropgaangen. Zanter dem Ufank vun der zweeter Hallschent ass de Weltindex ëm ronn 7% am Euro geklommen, besonnesch opgrond vun der staarker Hausse am Technologiesecteur, deen duerch d’Begeeschterung fir Betriber am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz ugedriwwe gouf, wouduerch sech d’Phänomeen vun der Konzentratioun um amerikanesche Maart weider verstäerkt. D’Maartkapitaliséierung vun den Top 10 Betriber iwwerschreit elo 40% vum Index, wat en nach ni virdru bekannten Niveau ass.

Méi Informatiounen: www.banquedeluxembourg.com

Back to Top
CIM LOGO