Op der N7 tëscht Maarnech an Housen gëtt geschafft. Am Beräich vun deem Chantier, an deem maximal 70 Kilometer an der Stonn erlaabt sinn, huet d’Police en Dënschdeg de Moie Vitesskontrollen duerchgeféiert an hat nawell vill presséiert Clientèle.
- 11 Chaufferen haten d’Limitt ëm méi wéi 20 km/h iwwerschratt. Si krute jeeweils eng Verwarnung vun 145 Euro an zwee Punkten ofgeholl.
- An dräi Fäll waren Automobiliste manner wéi 20 km/h iwwert der maximal erlaabter Vitess vu 70 km/h. Si hu jeeweils musse 49 Euro bezuelen.
- Ee ganz presséierte Chauffer war mat 110 km/h esou vill ze séier, datt géint hien e Protokoll huet mussen erstallt ginn.