
Géint Mëtteg hat tëscht Heischent an dem Heischtergronn den eCall vun engem accidentéierte Gefier en automateschen Appell ofgesat. D’Ambulanz aus der Nordstad an d’Pompjeeë vum CIS Alebësch waren op d’Plaz an hu sech ëm eng verwonnte Persoun gekëmmert.
Kuerz no 12:30 Auer huet op der Stater Gare eng Poubelle gebrannt. Dee selwechte Problem gouf et géint 16 Auer zu Steesel an der Rue Basse. D’Pompjeeën aus der Stad a vu Steesel a Walfer haten d’Flame séier am Grëff.
Géint 13:40 Auer hat am Park Dräi Eechelen um Kierchbierg den automatesche Feieralarm ausgeléist, nodeems aus engem Sous-sol Damp erauskomm war. Zwou Ambulanzen an d’Pompjeeën aus der Stad waren am Asaz, eng Persoun ass an d’Spidol komm.
Zu Gréiwemaacher an der Rue de Flaxweiler war et géint 14:20 Auer en Auto an eng Mauer gerannt. Dobäi gouf de Chauffer blesséiert. Op der Plaz waren d’Ambulanz vu Mäertert an d’Pompjeeë vu Fluessweiler.