D'Steierformulaire sinn disponibel. Muss ech dann eng Steiererklärung ofginn, wat kann ech deklaréieren a wien hëlleft mir bei Froen?
Muss ech eng Steiererklärung ofginn?
Persounen an der Steierklass 1 an 1A kënne fräiwëlleg eng Steiererklärung maachen, allerdéngs muss een dann och all Akommes (am Wunnland an an Drëttlänner) uginn.
Ob Resident oder net-Resident bass du verflicht eng Steiererklärung ofzeginn, wann(s)
- du ee besteierbaart Akommes vu méi wéi 100.000 € hues;
- du méi wéi een Akommes (Pai oder Pensioun) hues a wou de kumuléierte Revenu 36.000 € fir Steierflichteger an der Klass 1 an 2, respektiv 30.000 € fir Steierflichteger an der Klass 1A iwwersteigt;
- du bestuet an net Resident bass an de globale Steiersaz gefrot hues, deen op der Steierkaart agedroe gouf;
- du ee besteierbaart Akommes vu méi wéi 11.265 € hues, wouvu méi wie 600 € net zu Lëtzebuerg der Quellesteier ënnerworf sinn;
- däi besteierbaart Akommes méi wéi 1.500 € Recetten enthält, déi der Quellesteier um Akommes aus beweeglechem Kapital ënnerworf sinn;
- du bestuet bass an dir net getrennt lieft, woubäi ee vun iech Resident an deen aneren Net-Resident ass an dir iech fir eng Kollektivbesteierung entscheet hutt;
- du ee besteierbaart Akommes vu méi wéi 1.500 € vum Nettoakommes hues, wat der Quellesteier op Tantiemen ënnerworf ass;
- du vun der Steierverwaltung opfuerdert gi bass, eng Steiererklärung ofzeginn.
Firwat solls du awer eng Steiererklärung maachen, wann s du net muss?
A verschidde Fäll kann eng Steiererklärung d'Steierlaascht reduzéieren. Zum Beispill:
- fir bestëmmte Sonnerausgaben ofzezéien.
(z.B. Bauspuerverträg oder Versécherungsprimmen, Zënsen op engem Konsumentekreditt, Rentenzuelungen am Fall vun enger Scheedung, Spende fir eng ONG, asw.) oder aussergewéinlech Ausgaben (medezinesch oder Käschten opgrond vu Behënnerung, déi de Steierzueler selwer bezuele muss, asw.); - wann d'Steieren op Kapitalgewënn un der Quell zréckgehal ginn
(z.B. Aktie Dividenden, Coupons d'obligations, asw.); - bei Akommesverloschter
(z.B. negativem Nettoakommes aus dem Loyer vun enger Immobilie).
Gëtt et een Delai fir d'Steiererklärung anzereechen?
D'Steiererklärung muss bis den 31. Dezember agereecht ginn. Dës Frist gëllt souwuel fir Leit, déi eng Steiererklärung mussen ofginn, wéi och fir déijéineg, déi se fräiwëlleg ofginn. Den LCGB recommandéiert, d'Steiererklärung esou bal wéi méiglech ofzeginn, fir esou schnell wéi méiglech de Remboursement ze kréien.
Den LCGB steet dir zur Säit a kuckt mat dir zesumme, wéi eng Optioun déi Bescht fir deng Situatioun ass. Donieft informéiert den LCGB och iwwert déi verschidde Fräibeträg an hëlleft senge Membere (> 6 Méint) gratis beim Ausfëlle vun der Steiererklärung.
https://lcgb.lu/de/assistance-en-vie-privee/services-fiscaux-du-lcgb/