
Wärend dem Äntwerttippen, laacht des Persoun viru sech hin.
Et kënnt sinn datt des Persoun „sextet“. Dat heescht, des Persoun empfänkt a verschéckt sexuell eendeiteg Noriichten, Biller oder Videoen. De Fachbegrëff fir dëst Verhale mat béidsäitegem Averständnis heescht Sexting.
Erotesch Noriichten, Selfien (oder Nudes, d.h. Fotoe mat plakege Persounen) a Video‘en reizen, si beandrocken, wëlle verféieren, a solle Léift a Vertraue beweisen. Et gëtt eppes Interessantes ze gesinn, ze liesen, et kritt een eng intim Noriicht, et fillt een sech wäertgeschätzt. Sexting kann d‘Selbstvertrauen an d‘Selbstbewosstsin stäerke – well, wie kritt net gär Komplimenter?
De „Sexting-Phänomen“ fënnt een an allen Altersklassen: bei Jugendlechen, jonken Erwuessenen an den 20eger bis an de Seniorenalter. Mee wat ass de Reiz dovun? Wéini ass et erlaabt, wéini net?
Sexting ka problematesch ginn. Déi domat verbonne Risiken an d’lëtzebuergesch Gesetzer fuerderen dozou op, gutt z’iwwerleeën ier een sech fir d’Sexten entscheet. Uruffer op der BEE SECURE Helpline, awer och op deenen anere Servicer vum KJT weisen, wéi heekel Sexting gi kann.
Virun allem Mannerjäreger – also di jonk a jugendlech Internetnotzer – sollen sech bewosst sinn, datt d’Produzéieren an d’Verschécke vun Nudes an änlechem, strofrechtlech relevant ass. Si verstousse géint d’Gesetz, well och eege Biller dem Code Pénal no ënner „Duerstellunge vu sexuellem Mëssbrauch vu Mannerjäregen“ falen.
Weider Risike vu Sexting si Sextortion, Grooming, Cybermobbing an E-Kriminalitéit.
· Vu Sextortion schwätzt een, wann (a béidsäitegem Averständnis) geschéckte sexuell Biller als Erpressung mëssbraucht ginn, beispillsweis gi méi Nudes oder souguer Sue gefuerdert, ënnert Undreeung, d’Biller online ze verëffentlechen.
· Bei Grooming handelt et sech ëm e Prozess, an deem en Erwuessenen sech d’Vertraue vun engem Mannerjäregem erschläicht, mat him eng Bezéiung opbaut – heefeg ënner falschen Informatioune vum eegenen Alter – mat dem Zil, sexuell iwwergrëffeg ze gin. Dozou gehéiert och d’Afuerdere vun Nudes.
· Am Kader vu Cybermobbing kënnen Noriichten a Biller mëssbraucht ginn, fir di betraffe Persoun ze beleidegen, hire Ruff ze schiedegen oder d’Persoun ze entmuechten.
· Zum Beräich E-Kriminalitéit gehéiert d’Verschécken ouni béidsäitegt Averständnis, d’Verweigere vu Läschen oder d’Héichluede op de Soziale Medien vu Biller a Videoen ouni Zoustëmmung. Et kann zu problematesche Situatioune féieren, déi di Erwuessen iwwerfuerdert an di Jugendlech staark belaascht.
Uruffer, déi sech un d‘BEE SECURE Helpline wenden, kënnen sech iwwer d’Risiken informéieren. Si fanne Berodung, wat ee präventiv maache kann. D’Uruffer ginn ënnerstëtzt, falls d’Situatioun eskaléiert. Meeschtens handelt et sech bei den Uruffer ëm Persounen déi hier Situatioun erliewen als eng Situatioun déi ausser Kontroll geroden ass. Themen, déi an dëse Fäll eng grouss Roll spille, si Vertrauensbroch, Jalousie, Trauer, Roserei op den Täter, Schold,
Angscht, Hëlleflosegkeet. Si schummen sech, fillen sech bedrunn, verletzt an eleng. D’Ongewëssheet knabbert un engem. Et mengt een et kënnt een näischt méi dergéint maachen.
Mee dat ass FALSCH! Et kann een sou munches maachen! Loosst virun allem jonk Mënschen net eleng. Hëlleft eng Persoun ze fannen mat deem ee schwätze kann. Iwwer Sexting an di domat verbonnen negativ Erliefnisser ze schwätzen hëlleft a féiert zu Handlungsméiglechkeeten. Hei ënnerstëtzt och d’BEE SECURE Helpline. D’Gespréicher sinn anonym a vertraulech.
Bei der BEE SECURE Helpline gi Mënschen encouragéiert hiert Liewen erëm aktiv an d’Hand ze huelen. D’ausgebilte Beroder vun der BEE SECURE Helpline ënnerstëtzen, orientéieren a beroden. Wann d’Situatioun als ganz belaaschtend empfonnt gëtt, kann de Wee zu enger professioneller Berodung virgeschloe ginn.
Aner Schrëtt am Ëmgang mat Sexting kënnen z.B. sinn, di aner Persoun opzefuerderen d’Material ze läschen. Sollte Biller/Videoen online optauchen, kann een dës op der jeeweileger Plattform mellen. Souguer d’Ufuerdere fir Inhalter aus de Google-Resultater ze läschen ass méiglech. Ënnerstëtzt gëtt een dobäi och duerch di gesetzlech Lag zu Lëtzebuerg, wéi z.b. d’Recht op Läschen am Internet (GDPR) oder d’Recht um eegene Bild. Wann op dem Bild/Video e Mannerjäregt/en ze gesinn ass, kënnt dir dësen Inhalt och iwwer d’BEE SECURE Stopline mellen.
Natierlech ka jiddereen och selwer direkt bei d’Police goe – eng Plainte deposéieren ass eng Méiglechkeet déi een huet, well géint Gesetzer verstouss ginn ass. Besonnesch fir Jonker ass et wichteg, eng erwuesse Vertrauenspersoun ze hunn, déi si op dësem Wee begleet.
Sexting – dat mécht jiddereen, dat ass dach net sou schlëmm. Oder?
Heiansdo ebe schonn. Well Sexting sou munch an net onwesentlech Risiken a Gefore matsechbréngt. Doriwwer muss sech jidderee bewosst sinn, dee sextet, egal ob een d’Bild/Video verschéckt oder kritt, egal wéi al een ass.
BEE SECURE Helpline 8002 1234
1 1 6 1 1 1 Kanner-Jugendtelefon
Online Help www.kjt.lu
Elterentelefon 26 64 05 55
BEE SECURE Stopline https://stopline.bee-secure.lu
BEE SECURE www.bee-secure.lu
Police www.police.lu
CNPD www.cnpd.lu