Sponsored ContentSextortion – „I know your password“

RTL Lëtzebuerg

Sextortion – Wat ass dat genau?

Sextortion (englesch: „sex“ an „extortion“ = Erpressung) bedeit Erpressung unhand vu Material mat sexuellem Inhalt (Fotoen, Videoen). D’Erpresser fuerdere meeschtens Suen oder aner Gefällegkeeten an droen domat, d’Fotoen un aner Leit ze schécken oder se an de sozialen Netzwierker eropzelueden, falls een d‘Fuerderung no Suen net unhëlt. Sextortion kann een an de Beräich vu Sexting (Verschécken an Empfänke vun „Nudes“ iwwer déi digital Medien) oder Cybermobbing zouuerdnen. Et handelt sech ëm eng Strofdot, déi ee bei der Police melle kann an déi och gesetzlech sanktionéiert ka ginn. Den Oflaf ass änlech wéi bei „Grooming“, wou fir d’éischt eng Vertrauensbasis opgebaut gëtt, ganz besonnesch d’Kanner gi bevirzugt, an dann isoléiert, esou dass eng Geheimhaltung erschaaft gëtt a lues a lues gëtt eng Grenziwwerschreidung ageleet.

Wien ass betraff?

Egal, ob Schüler, Professer, Schoulmeeschter/Joffer, Papp, Mamm – jidderee kann Affer oder Täter ginn.

Mënschen aus allen Alterskategorië kënne vu Sextortion betraff sinn.

Eng Etude weist, dass Sextortion eng grouss Gefor fir Kanner a Jugendlecher am Internet duerstellt. An enger Etüd vum Dr. Justin W. Patchin, Ph.D (Professer fir Strofjustiz op der Universitéit vu Wisconsin-Eau Claire) goufe 5.500 Schüler:innen am Alter vun 12-17 Joer befrot. D’Resultat weist, dass +/-5% vu Sextortion betraff waren. An de leschte Joren huet dës nei Form vun Erpressung de Wee iwwert den Atlantik bis an Europa fonnt. Dëst weist sech ganz gutt an den Zuele vu Fäll op eiser BEE SECURE Helpline, wou d’Tendenz vun den Uriff zu dem Thema ganz kloer erop geet.

Wéi fonctionéiert Sextortion?

Bei den Opname kann et sech ëm Fotoen oder Videoen handelen, déi den Täter heemlech iwwert seng Webcam opgeholl huet. Ganz dacks baut den Täter eng Bindung zum Affer op, a kritt deem säi Vertraue geschenkt, esou dass d’Fotoe bewosst verschéckt ginn. Sextortion kënnt och ganz dacks no enger Trennung oder engem Sträit vir (ganz besonnesch bei emotionaler Erpressung: „Wann’s du mech gär hues, da schéck mer d‘Fotoen.“). Et kann awer och zu enger gezielter Erpressung kommen, esou dass d’Affer ënner Drock gesat gëtt. Dacks droen d’Täter domat dem Affer säi Passwuert ze kennen, esou dass d’Affer sech gezwonge fillt ze handelen. Ausserdeem gëtt an deene „Scam-Mails“ (Bedruchsmailen) uginn, dass d’Videokamera vum PC aktivéiert gouf an alles opgeholl ginn ass. Da gëtt eng Geldzomm gefuerdert fir dass d’Opname geläscht ginn. Esou kann ee kee genaut Täterprofil opstellen – ob den Täter sech perséinlech gekränkt gefillt huet oder ob en kriminell handelt.

Net ontypesch ass d’Benotze vu Fake-Profillen oder kënschtlechen Chatrooms mat vermeintleche Gläichaltregen, déi d’Bereetschaft fir sexuell Inhalter ze verschécke steigere sollen.

Kanner als Risikogrupp

Besonnesch ganz jonk Kanner kënnen d’Gefor net richteg aschätzen – ob aus der Roll vum Täter- oder vum Affer. Esou kann et sech och em eng dysfunktional Strategie handelen, fir a Kontakt ze bleiwen oder Opmierksamkeet ze kréien. Et soll transparent kommunizéiert ginn, dass sexualiséiert Inhalter och nach vill mi spéit géingt ee verwent kënne ginn. Well Kanner a Jugendlecher an enger schwiereger a wichteger Liewensphas si stellen si eng ganz empfänglech Risikogrupp duer. Et ginn Tätergruppen, déi gezielt op der Sich no emotional empfängleche Kanner a Jugendleche sinn, fir d’éischt hir Bedierfnisser befriddege fir da Sexting bedreiwen ze kënnen. Aus Angscht, negativ bewäert oder ausgelaacht ze ginn, soe vill Affer näischt doriwwer wat geschitt ass a leide ganz eleng ënner der Ausübung vu Sextortion.

Well Lëtzebuerg esou e kléngt Land ass, ass d’Suerg ganz grouss, op een ze treffen deen ee kennt, esou dass d’Hemmschwell fir Hëllef ze froen zimmlech héich ass.

Wat kann ee géint Sextortion maachen?

Et soll ee ganz besonnesch drop oppasse wat fir Fotoen a Videoen ee weiderschéckt. Wann een eng „Scam-Email“ kritt soll ee roueg bleiwen an déif duerchootmen. Gitt de Bedruch un CIRCL (info@circl.lu) mat der Bitcoinadress (Adress un déi ee bezuele soll) weider. Wann der Affer vu Sextortion gi sidd, schéckt keng weider Fotoen a Videoen, briecht de Kontakt zum Täter of a beendegt d‘Kommunikatioun. Fir aktiv ze ginn, lount et sech Beweismaterial wéi SMS’en oder Screenshots ze sammelen. Et ass wichteg, den Tatbestand matzedeelen. Schummt iech net, a schwätzt driwwer. Mir hu just d’Daten vun de Fäll iwwer déi geschwat gëtt a wou Affer sech mellen, dofir ass d’Donkelziffer vill méi héich. Schwätzt mat Frënn oder/an ärer Famill. Falls een sech net traut mat Bekannten driwwer ze schwätzen, rufft eis gären op der BEE SECURE Helpline: 8002 1234 anonym un. Maacht eng Plainte bei der Police a gitt der Erpressung net no. E gudde Rot ass och, dass der är Passwierder ännert, esou, dass den Täter keen Zougrëff op är perséinlech Konnte kann hunn. Am beschten ass et fir all Portal en anert Passwuert ze verwenden.

Wann dir ee kennt, dee vu Sextortion betraff ass, weist Zivilcourage, huelt Kontakt op a mellt dës Form vun Erpressung.

Kuckt net ewech, mellt et op der BEE SECURE Helpline: 8002-1234.

Fir méi Informatiounen, gitt op de Site www.bee-secure.lu

Quell vun der Etüd:

Patchin, J. W., & Hinduja, S. (2020). Sextortion Among Adolescents: Results From a National Survey of U.S. Youth. Sexual Abuse, 32(1), 30–54.

https://doi.org/10.1177/1079063218800469


Back to Top
CIM LOGO