Sponsored ContentVu wou kënnt de Weess an eisen Deegwueren?

RTL Lëtzebuerg
Wësse mir, vu wou dee Weess kënnt, dee fir d’Nuddele geholl gëtt, déi mir an eisem Alldag iessen?

Nuddele passen op all Teller! 

Vum alldeegleche Familljeniessen, iwwert d’Owesiesse mat Frënn bis op déi gréisste gastronomesch Dëscher – d’Nuddele passen iwwerall a ginn och vu jidderengem genoss.

Mir liewen an enger Zäit, wou de Verbraucher sech ëmmer méi Froen iwwert d’Originn an d’Zesummesetzung vun dem stellt, wat all Dag op engem säin Teller kënnt a wou awer och jidderee probéiert déi kierzte Weeër ze favoriséieren. Wësse mir eigentlech vu wou dee Weess hierkënnt, dee fir déi Deegwuere gebraucht gëtt, déi mir kafen? Net wierklech!

Am Géigesaz zu dem Weess deen normalerweis geholl gëtt fir d’Miel ze produzéieren, gëtt fir d’Produktioun vun Deegwueren haarde Weess benotzt. Opgrond vun dëse spezifeschen Eegeschaften, gëtt dëse Weess geholl fir d’Schmull hierzestellen. Fir en Deegblat ze kréien, gëtt dës Schmull da mat Waasser vermëscht an dann an déi verschidde Formater, déi et um Maart ginn, ëmgewandelt: Penne, Spaghetti, Farfale… etc. Den Deeg besteet also zu méi wéi 80% aus Weess. Genuch also fir sech mat der Originn vum Weess ze befaassen.

Ganz vill Marken huelen auslännescht Miel, wat a verschiddene Fäll, Dausende vu Kilometer hannert sech huet. Awer wann eng gewëssen Transparenz gefrot ass, zumols wann de gesetzleche Kader ëmmer méi Kloerheet iwwert d’Orginn vun de Rostoffer freet, ass de Retour zu de lokale Weesszorten onëmgänglech.

Dëst ass de Fall vun der neier lëtzebuerger Mark LE MOULIN, déi elo schonn 9 verschidde Referenze ubitt, déi ausschliisslech aus lëtzebuergeschem Haartweess bestinn. Et ass eng Première fir de Maart, op deem bis elo nach keng eenzeg Referenz aus eise Weessfelder ze fanne war.

Et ass also eng groussaarteg Aart a Weis, fir Produiten aus eise Weessfelder nees méi dacks op eis Telleren ze bréngen.

Ech wëll méi gewuer ginn!

Back to Top
CIM LOGO