
68% Vun de Lëtzebuerger Residenten benotzen hire Smartphone fir hire Solde ze consultéieren, Bezuelungen ze maachen oder op aner Servicer iwwer eng Bank-App zouzegräifen (Studie 2018, ING International Survey). Am Verglach mat 2015 waren et 41%. Wat erkläert dëse Succès?
Ee vun den Haaptgrënn ass natierlech d’Zäit déi ee spuert. Zu all Moment an iwwerall accessibel, iwwer all Typ vu Gerät (Smartphone, Tablet a Computer), kënnt Dir mam Online-Banking op Distanz Operatiounen duerchféieren, fir déi Dir soss hutt missen an eng Agence oder op e qualifizéierte Geldautomat goen.
Äre Budget an e puer Klicke geréieren
Mam Online-Banking kënnt Dir Är Konte consultéieren a séier en Iwwerbléck iwwer Är Finanze kréien, sief et fir e wichtegen Akaf ze plangen, fir nozekucken, ob Dir Är Pai kritt hutt oder fir déi verschidden Entréeën an Ausgaben ze analyséieren. Et ass och méiglech, déi verschidden Typpe vun Ausgaben ze kategoriséieren, fir Äre Budget op ee Bléck ze visualiséieren.
Wann Dir Är Suen iwwer d’Zäit geréiere wëllt steet Iech en Historique, all Mount, mat de Mouvementer op Äre verschiddene Konten zur Verfügung. Déi meeschte Banke proposéieren och, als Optioun, Online-Bankextraiten. Wann Dir dës Funktionalitéit, déi meeschtens gratis ass, wielt, gëtt d’Archivéiere vun Äre Kontextraite vill méi einfach. Eemol am Mount kritt Dir an Ärem gesécherte Beräich Är Extraiten zur Verfügung gestallt, déi Dir dann zu all Moment consultéieren, eroflueden an erausdrécke kënnt.
Fannt Dir e Kontextrait net méi, deen Dir erofgelueden hutt? Kee Problem, d’Bankextraite sinn an Ärem gesécherte Beräich online wärend e puer Joer (meeschtens 5 Joer) gespäichert.
Sech an Echtzäit informéieren
Mat Ärer Online-Bank bleift Dir ronderëm d'Auer iwwer all Mouvementer op Äre Konten informéiert, well Dir Alerten iwwer Push-Notifikatiounen oder iwwer E-Mail op Äre Smartphone oder Ären Tablet kréie kënnt. Dir kënnt dës Alerte ganz un Är Besoinen upassen. Dir kënnt se zum Beispill esou aktivéieren, datt Dir gewarnt gitt, soubal Äre Kontosstand ënnert e gewësse Seuil fält, falls eng Bezuelung blockéiert gëtt, bei der Rezeptioun oder dem Bezuele vun engem Montant, deen e gewësse Seuil iwwerschreit oder wann Dir eng nei Noriicht an Ärer securiséierter Messagerie kritt hutt.
Dës Alerte gëllen och fir Är Kreditkaarten (disponibele Solde, Bezuelungen ab engem bestëmmte Montant, Remboursement oder Liberatioun vun engem blockéierte Montant) a fir Ären Investitiounsportefeuille.
Wann Dir Froen hutt iwwer Är Debit- a Kreditkaarten oder Är Investissementer, kënnt Dir Iech iwwer d'securiséiert Messagerie un Äre Beroder adresséieren. Dir braucht also net méi laang um Telefon ze hänken, fir hien ze erreechen!
Ganz einfach Suen iwwerweisen an transferéieren
Bezuele war nach ni esou einfach a séier wéi mat Ärer Online-Bank. Dir kënnt Iwwerweisungen, déi ëmmer erëmkommen, automatiséieren, Är Ordres permanenten zu all Moment änneren oder läschen (Ausser wann Dir dës Aktioun zwee Deeg virum Datum vun der Bezuelung duerchféiert.) , eng Lëscht vu Beneficiairen uleeën an dës jee no Äre Besoinen hierarchiséieren oder Sue vun engem vun Äre Konten op en aneren transferéieren. D’Validéierungsprozedur vun de Virementen ass vereinfacht wann Dir Suen op e Beneficiaire iwwerweist, dee scho bekannt a gespäichert ass. Fir all Är SEPA-Transferte gëtt de BIC-Code automatesch aginn.
Dir braucht esouguer net doheem ze sinn, fir all dës Operatiounen duerchzeféieren! Et geet duer, datt Dir Ären Handy bei Iech hutt!
Et ginn nach vill aner Funktionalitéiten, jee no der Applikatioun, déi Är Bank Iech proposéiert: direkt Blockéiere vun Äre Kreditkaarten an hiren automatesche Remplacement, Zougang zu de Kreditsimulatoren (Logement a Prêt personnel), asw.
Och fir d’Professioneller
Verschidde Banke bidden och eng Pro-Versioun vun hirer Applikatioun un, déi, niewent de beschriwwene Funktionalitéiten, speziell Servicer fir d’professionell Cliente proposéiert. Ënner anerem d’Multi-Ënnerzeechnung fir d’Banktransaktiounen, den Detail vun de Solden an de Bezuelungen, déi nach ausstinn, oder e Multi-Bank-Tool, deen Iech bei der Gestioun vun Ärer Tresorerie vun Ärer Entreprise hëlleft.
Méi Infoen fannt Dir op www.ing.lu/mobile.