
Ugefaange mam nationale Béiermusée hei zu Lëtzebuerg am Schlass zu Wooltz, wou een alles iwwer d‘Geschicht an Entwécklung vun der Braukonscht gewuer gëtt a sech am Café Jhang Primus, e Bild ka maache vun engem authentesche Wiertshaus am Dekor vun der “Belle Epoque“.
Wien dann nach méi iwwert d’Hierstellung vum Béier wëll gewuer ginn, fir dee geet et weider an der Mikrobrauerei, wou der net nëmmen eppes iwwert de Brauvirgang, de Gärungsprozess an déi perfekt Lagerung léiert, ma och kënnt ären eegene Béier brauen a schmaachen.
E klengen Deel vum Musée ass donieft der Wëlzer Liederindustrie gewidmet.Tëscht den zwee Weltkricher huet Wooltz nämlech Lieder un d’ganz Welt geliwwert an hat em 1950 déi gréisste Luxusliederfabrick a ganz Westeuropa.
A wou mer beim Thema Krich sinn, zu Wooltz steet och de Musée vun der Ardennenoffensiv 1944-1945 wou ënnert anerem un d'Befreiung vun der Stad Wooltz erënnert gëtt. Ganz nei ass och de Pompjeesmusée vum Lëtzebuerger Pompjeesverband „an der Géitz“ zu Nidderwolz, wou d’Geschicht vun de Pompjeeë vu fréier bis haut erzielt gëtt.
Fir déi méi sportlech ënnert eis, ginn et zu Wooltz an am Naturpark Uewersauer eng sëllege Wander- a Vëlosweeër, wou een déi wonnerschéi Landschafte vun de Lëtzebuerger Ardennen entdecke kann. Bei guddem Wieder kann een sech och ënner Famill a Frënn am Fräizäitpark Kaul an der oppener Piscine, am Bikepark, am Skatepark oder Spillpark ameséieren. Iwwert déi national Vëlospiste PC 20, um Parcours vun enger aler Zuchstreck, kënnen d'Visteuren ouni gréisser Ustrengung mam Elektrobike bis op Baaschtnech fueren. D'Lokatioun vun all Zort vu Vëloen ass bei RentaBike Ardenne um Camping Kaul an am Weeltzer Schlass méiglech.
A wann Dir doriwwer eraus Loscht op ee méi aussergewéinlecht Erliefnis hutt, da sollt Dir onbedéngt am Summer un enger Fakelwanderung deelhuelen. Déi féiert vum Schlass bis bei de Jardin de Wiltz, een aussergewéinlecht liewegt Konschtwierk an der Form vun engem Gaart, deen een zu all Dageszäit gratis déi ganz Woch iwwer visitéiere kann.
Indoor kann ee bei manner guddem Wieder eng Ronn Minigolf zu Eschweiler bei Wooltz spillen oder eben déi virdrun ugeschwate Muséeë besichen.
Dëst ass nëmmen e klengen Deel vun de villen Entdeckungen an Aktivitéiten déi dëst Joer zu Wooltz op Iech waarden. Weider Informatiounen an de komplette Programm mat all den Aktivitéite fannt dir ënner www.wiltz.lu.
Fir Ären Ausflug perfekt auskléngen ze loossen, waarden och eng sëllege Restauranten an Hoteller op Iech. Dorënner den HOTEL- RESTAURANT BEIM SCHLASS, den HOTEL-RESTAURANT AUX TANNERIES DE WILTZ an de CAMPING-PARK KAUL. Maacht och mat bei hirem Concours, a gewannt mat e bësse Gléck e Kaddosbong fir 2 Persoune fir e flotte Weekend zu Wooltz ze verbrénge mat Iessen an 2 Iwwernuechtungen.