Sponsored ContentZu Lëtzebuerg an d‘Locatioun investéieren. Eng gutt Iddi?

RTL Lëtzebuerg
Dir wëllt zu Lëtzebuerg an Immobilien investéieren fir se ze verlounen?

Op den éischte Bléck ass dat eng exzellent Decisioun! An d’Locatioun zu Lëtzebuerg investéieren ass en attraktive Choix, zemol an engem Land wou de Locatiounsmaart en héije Potential opweist.

Doriwwer eraus ginn et zu Lëtzebuerg keng Aschränkungen an deem Sënn fir Auslänner, déi zu Lëtzebuerg Haiser oder Appartementer kafen, allgemeng ass d’Gesetzgebung heiheem eng änlech wéi an aneren EU-Länner. Fir sécher ze sinn, dass ären Investissement wierklech rentabel ass, sollt dir keng Kaz am Sak kafen an déi steierlech Reegele fir Locatioune beherrschen.

De richtegen Objet op der richteger Plaz
Och wann sech d’Locatiounspräisser an de leschten 10 Joer verduebelt hunn, sollt dir net einfach en Haus oder en Appartement egal wou kafen. Tëschent de Regiounen an de Gemenge bestinn, onofhängeg vun hirer Lach an Accessibilitéit, grouss Differenzen. D’Locatiounspräisser leien am Zentrum an am Süde méi héich wéi am Norden, wou (ausser no bei der Nordstrooss) direkt Verbindunge mat der Stad éischter seele sinn.

Och d’Zort vun Immobilie an déi dir investéiere wëllt ass e wichtege Facteur. Wunnenge vun zirka 70 bis 90 Metercarré mat engem oder zwee Schlofzëmmer sinn um Maart méi gefrot well se sech perfekt eechene fir Persounen eleng, zu zwee oder mat engem Kand.

Wann der Iech fir eng nei Wunneng oder Haus decidéiert vermeit dir deier Renovatiounskäschten an dir hutt kee Probleem mat den aktuellen Energienormen, déi fir vill Locatairen e wichtege Krittär sinn.

Wéi ee Locatiounsakommes ënnersteet der Steierflicht?
Ob dir zu Lëtzebuerg wunnt oder net, dir musst är Akommes aus Locatiounen dem Lëtzebuerger Fisk mellen, awer just da wann se iwwer 600€ pro Joer leien. Wunnt dir zu Lëtzebuerg a sidd dir steierflichteg, da muss dir äert Akommes aus Immobilië genee esou wéi är aner Revenuen uginn. Wann der net zu Lëtzebuerg als Resident gëllt, da musst dir äert Akommes aus Locatiounen an engem Formulaire (100) androen. Opgepasst! Wann dir iech beim Ausfëlle vun ärer Steiererklärung (dem Artikel 157[1] entspriechend) dofir decidéiert als Resident bei de Steieren ze gëllen, muss dir och d’Revenue vun Immobilien, déi der am Ausland hutt, uginn.

Fir äre besteierte Benefice ze reduzéieren, kënnt der vun ärem locative Bruttoakommes, also dat wat äre Locataire Iech bezilt, Locatiounsfraisen ofzéien. Dozou gehéieren Zënsen oder Taxen am Zesummenhang mat der Finanzéierung vun ärem Objet, Versécherungsprimmen (Feier, Haftflicht, a.e.w.), Reparatur- an Entretienskäschten, Grondsteier, oder nach aner Fraisen déi net en Charge geholl gi vun ärem Locataire (Verwaltungskäschten, Waasser, Poubelle).

An de Fraisen déi ofgezu ginn, gëtt et och eng steierlech Ofschreiwung par Rapport zum Alter vum Haus an dem Kafpräis. Dësen Taux d’Amortissement, deen op de Kafpräis (mat Ausnam vum Terrain) applizéiert gëtt, variéiert jee no Baujoer:

  • 5% fir Gebaier déi viru manner wéi 5 Joer gebaut goufen[2]. Dësen Taux vu 5% gëllt fir Propriétairen, denen hir Zomm vun de „bases amortissables“ vun Immobilien méi niddreg wéi 1.000.000 EUR ass. Wann dës Zomm méi héich wéi 1.000.000 EUR ass, da läit den Taux d’Amortissement bäi 4%.
  • 2% fir Gebaier déi viru 6 bis 60 Joer gebaut goufen
  • 3% op Haiser déi méi al si wéi 60 Joer. 

Dir gesitt also, dass déi Saachen déi der ofschreiwe kënnt, är Steieren op Locatiounsobjeten niddreg hale kënnen oder esou guer negativ maachen, zemol da wann dir eppes Neies kaaft an dofir e Kredit ophuelt.

Wat geschitt wann der är Immobilie weiderverkaaft?
Wann dir Lëtzebuerger Resident sidd an der ären Haaptwunnsëtz[3] verkaaft, ass d’Plus Value steierfräi. Ass dat net de Fall, bestinn aner Méiglechkeeten. Wann dir är Wunneng manner wéi zwee Joer nom Kaf verkaaft, gëtt är Plus Value als Spekulatiounsbenefice ugesinn a besteiert. Ofhängeg vun der Zomme vun ärem Joresakommes an ärer Familljesituatioun läit dee Steiersaz bei 42%. Wann dir är Wunneng no méi wéi 2 Joer verkaaft gëtt är Plus Value nach zu 21% besteiert. Är Plus Value profitéiert och vun enger Deductioun op 10 Joer vu 50.000€ (100.000€, wann dir als Koppel zu zwee besteiert gitt).

Dir sidd grad eréischt am Grand-Duché ukomm. Plangt dir eng Wunneng oder en Haus ze kafen oder ze renovéieren. Besicht eis Internetsäit Website.


[1] Dat ënnert der Viraussetzung dass der folgend Konditiounen erfëllt. Op mannst 90% vun ärem Akommes muss zu Lëtzebuerg steierflichteg sinn, oder äert kumuléiert Nettoakommes, dat net der Lëtzebuerger Steierflicht ënnerluecht ass, läit net iwwer 13.000 €.


[2] Konditioune valabel fir Gebaier, déi nom 1. Januar 2021 gebaut oder kaaft goufen


[3]Är Wunneng gëllt als Haaptwunnsëtz wann dir do am Joer wou dir se kaaft hutt gewunnt hutt an op mannst wärend 5 Joer duerno; ier dir se nees verkaaft hutt.

Back to Top
CIM LOGO