Fir den Nico Hülkenberg gëtt et lues awer sécher enk fir d'Zukunft an der Formel 1, nodeems den US-Rennstall Haas elo de Romain Grosjean bestätegt huet.

Nieft dem Grosjean fiert jo och de Kevin Magnussen an der Saison 2020 fir Haas. Domat ass eng weider Méiglechkeet fir den däitsche Formel-1-Pilot Hülkenberg vum Dësch.

Säi Kontrakt bei Renault gouf jo net verlängert, a fir déi nächst Saison huet hien nach keen neie Patron. Just bei Alfa Romeo, Red Bull an Toro Rosso sinn d'Fuerer fir 2020 nach net offiziell bestätegt.

Den Hülkenberg huet e Méindeg bei n-tv a beim däitschen RTL gesot, wann hie wëll, da géif hien och e Cockpit kréien.

Vill Optioune bleiwen him op alle Fall net méi.