Laang gouf spekuléiert, elo ass et offiziell. Toyota Gazoo Racing huet eng komplett nei Fuererbesetzung fir déi nei Saison.

Nodeems den Ott Tänak mat Toyota Weltmeeschter ginn ass dës Saison, huet hie jo decidéiert bei Hyundai eriwwer ze wiesselen, an do dann zesumme mam Thierry Neuville ëm de WM-Titel ze kämpfen.

Et war jo scho gewosst, dass dat jonkt Ausnametalent Kalle Rovanperä géif 2020 an 2021 fir Toyota fueren.

Virun enger Woch gouf bekannt, dass Citroën sech aus der Rallye-WM zeréckzitt, well de Sébastien Ogier decidéiert huet säi Kontrakt bei Citroën net z'erfëllen. Et gouf du spekuléiert, bei wéi eng Écurie hie géif wiesselen... Toyota... oder awer zeréck bei M-Sport?

Elo ass et dann déi offiziell Bestätegung: De 6-fache Rallyeweltmeeschter Sébastien Ogier wiesselt vu Citroën eriwwer bei Toyota. En huet e Kontrakt fir 1 Joer ënnerschriwwen.

Ma Toyota geet nach e Schratt weider, an huet och nach d'Nummer 1 vun M-Sport verflicht. Och den Elfyn Evans fiert 2020 fir Toyota. Woumat dann och kloer ass, dass Toyota mat engem komplett neien Team untrëtt. Den Evans huet en 2-Jores-Kontrakt ënnerschriwwen.

D'Pilote Kris Meeke a Jari-Matti Latvala musse sech also elo en neit Cockpit sichen.

Déi eenzeg Optioun bleift aktuell nach M-Sport. Déi verléiere jo mam Elfyn Evans hir Nummer 1. Den Teemu Sunninen huet nach e Kontrakt fir déi nei Saison.

Et ginn also elo vill Piloten, déi bei M-Sport wäerten uklappen. Nieft Latvala an Meeke, sinn dat ënner anerem Haydon Paddon, Esapekka Lappi a Mads Ostberg.