En Donneschdeg war den Optakt vun der Rally Monte-Carlo, wat och de Startschoss vun der Rallye-Weltmeeschterschaft ass.

Nom éischten Dag läit de Lëtzebuerger Grégoire Munster op Ford op der 22. Plaz an huet e Retard vun 2 Minutten a 27  Sekonnen op de Leader Sébastien Ogier op Toyota, dat no den zwou Specialle vum Donneschdeg. An der WRC2-Kategorie ass de Lëtzebuerger um Ford Fiesta Rally2 op Plaz 12, 1min20,3 hannert dem Russ Nikolay Gryazin op Skoda Fabia RS Rally2.

De Fransous Sébastien Ogier huet iwwregens schonns 8 Mol d'Rallye Monte Carlo gewonnen an et schéint och dëst Joer nees just iwwert hien ze lafen, wann een ëm d'Victoire matkämpfe wëll. Op Plaz 2 louch um Donneschdeg den Owend de Britt Elfyn Evans, och op Toyota Yaris, virum Ott Tänak aus Estland, op Ford Puma Rally1.