Fir d'Saison 2023 sti 5 Sprint-Courssen um Programm vu JP Motorsport. Agesat ginn zwee McLaren 720S GT3 Evo, mat ë.a. dem Christian Klien als Pilot.

JP Motorsport gouf 2020 vum Patryk Krupinski gegrënnt an huet zanterhier e sëllege Erfarungen an diverse Rennserie sammele kënnen. De Patryk Krupinski ass zu Lëtzebuerg opgewuess a wunnt och am Grand-Duché. Dohier koum d'Decisioun fir vun dësem Joer un ënnert Lëtzebuerger Fändel ze fueren, an net méi ënnert Däitschem. D'Team huet hire Siège awer weiderhin zu Erkelenz an Däitschland, wou dann och den Atelier ass, wou un den Autoe geschrauft gëtt.

Eng weider wichteg Roll am Team huet de Lëtzebuerger Claude Roth, deen d'Roll vum Team Manager iwwerholl huet an déi komplett Motorsport-Aktivitéite vum Team geréiert. Nieft him ass och nach e Lëtzebuerger Mecanicien mat an der Ekipp.

An der Saison 2023 steet de Focus op der GT World Challenge Europe, kuerz GTWCE. Hei wäert ee mat zwee Autoen untrieden, an déi 5 Coursse vun der Sprint-Serie fueren.

Gefuer gëtt op zwee McLaren 720S GT3 Evo, ugedriwwe vun engem 4 Liter V8 Twin-Turbo. Am offiziellen Dateblat ass rieds vun 550+ PS bei engem Dréimoment vu 600 Newtonmeter. Geschalt gëtt iwwert eng 6-Gang sequentiell Boite an den Auto kënnt op en Homologatiounsgewiicht vun 1283 Kilo.

RTL

© JP Motorsport

Bei de Pilote stécht virun allem een Numm eraus, an dat ass dee vum Éisträicher Christian Klien. De Klien huet 1995 seng Motorsport-Karriär am Karting ugefaangen, wéi sou vill aner Piloten. 1999 war et säin Debut am Formelsport, dat an der Formel BMW Junior, wou en direkt am 1. Joer véierte ginn ass. 2000 ass en an déi däitsch Formel BMW gewiesselt, dat bei d'Team Rosberg. Weider Etappe goungen iwwert d'Formel Renault, d'Formel-3-Euroserie, éier en am November 2003 eng éischte Kéier fir Jaguar Racing e Formel 1 teste konnt. Hei konnt hien d'Team iwwerzeegen a krut prompt e Kontrakt fir d'Saison 2004, wou en un der Säit vum Mark Webber fir Jaguar an der Formel 1 gefuer ass.

2005 an 2006 ass e fir Red Bull Racing gefuer. Duerno war en als Testpilot am Asaz, éier en 2010 nach emol bei HRT eng Chance kritt huet. No där Saison war dunn awer Schluss an der Formel 1 an en ass an de Laangstreckesport gewiesselt.

2023 sëtzt de Klien als Stammfuerer am McLaren 720s GT3 Evo vu JP Motorsport, mat als Teamkolleeg dem Dean MacDonald aus Groussbritannien. Si fueren an der Pro-Kategorie.

Um zweeten Auto, deen als Pro/Am agesat gëtt, sëtzen den Norbert Siedler an de Patryk Krupinski.

Et huet ee sech dann och kloer als Zil gesat, an de jeeweilege Kategorien ëm d'Victoire ze fueren.

RTL

© JP Motorsport

Kalenner GT World Challenge Europe

13.-14. Mee - Brands Hatch (Groussbritannien)
15.-16. Juli - Misano (Italien)
2.-3. September - Hockenheim (Däitschland)
16.-17. September - Valencia (Spuenien)
14.-15. Oktober - Zandvoort (Holland)

Informatiounen iwwert d'GTWCE ginn et op hirem offiziellen Internetsite.

Nieft deem Programm ass dann och nach eng 12 Stonne Course de 6./7. Mee zu Spa geplangt.