"De Bellof war besser wéi de Schumi"

© dpa Picture-Alliance via AFP
Nodeems kuerz virdrun de Manfred Winkelhock gestuerwe war, bleift 1985 mam Stefan Bellof och dat wuel gréissten Talent am däitsche Motorsport leien.
Wier de Stefan Bellof viru 40 Joer net an der berüchtegter Eau-Rouge-Kéier zu Spa-Francorchamps leie bliwwen, hätt Däitschland säi Motorsport-Märche warscheinlech scho Joren éischter erlieft. Vläicht wier de ganz grousse Schumi-Hype an de 90er och ausbliwwen? D'Experte si sech jiddefalls all eens: dee Bellof war e Joerhonnert-Talent.
Onbekëmmert an natierlech
De Stefan Bellof souz fréi am Kart, a war séier mam Motorsport-Virus infizéiert. Mat onerhéierter Liichtegkeet goung hien duerch d'Nowuessklassen, fir 1982 an der Formel 2 ze landen. Dass hien zu deem Zäitpunkt op méi Plaze Kontrakter ënnerschriwwen, an doduerch fir etlech administrativ Schwieregkeete gesuergt hat, war him egal. Dem jonke Mann mam haarde Laachen gouf dat net iwwel geholl. Hie wollt einfach Course fueren. Besser wéi all déi aner.
Zwou Victoiren an den zwou éischte Coursse vun der Formel-2-Europameeschterschaft sollten dem Bellof geléngen. Vun der Press gouf hien duerno schonn als neie "Kinnek vun Hockenheim" gefeiert. En Titel, deen den Hans-Joachim Stuck an de 70er Joren duerch seng behäerzten Optrëtter op der däitscher Streck vun de Fans kritt hat. Am weidere Verlaf vun der Saison sollt et manner gutt lafen, a méi wéi eng Kéier war de Bellof bäigaangen. Ënnert anerem an der Eau Rouge zu Spa.
Do kënnt e Groussen
D'Joer drop war hien erëm an der Formel 2 gemellt - gläichzäiteg awer och bei Porsche, fir als Wierksfuerer un der Laangstreckeweltmeeschterschaft deelzehuelen. En neien Terrain, nei Géigner, nei Strecken, eng richteg WM. Direkt bei sengem éischten Asaz am Porsche 956 konnt de Bellof zesumme mat sengem Partner Derek Bell iwwerleeë gewannen. Onvergiess, a bis haut legendär, ass seng Ronn am Qualifying op der Nordschleife vum Nürburgring. An enger Zäit vun 6'11"13 war hien deen éischten, an eenzege Pilot, deen op der schwieregster Streck vun der Welt eng Moyenne vun iwwer 200km/h konnt fueren. E Rekord, dee réischt 2018 vum Timo Bernhard an engem speziell dofir preparéierte Porsche op fräier Streck ënnerbuede konnt ginn. Typesch Bellof war awer och, dass hien den Dag drop, iwwerleeën a Féierung, den Auto an der Course ewechgehäit hat, fir nëmme kuerz drop de Fans schonn Autogrammen ze ginn. Alles net sou schlëmm. Oder?
En neie Star fir d'Kinneksklass
Säin Talent hat sech ronderëm geschwat. Hannert de Kulissen hate schonn déi éischte Formel-1-Ecurien ugeklappt. Am Hierscht 1983 koum et zu Silverstone zu engem éischten Test. McLaren hat déi dräi bescht Nowuess-Piloten ageluede fir eng Siichtung: de Martin Brundle, den Ayrton Senna, an, de Stefan Bellof. Den Däitschen duerft als leschte fueren. Do haten déi aner zwee scho geroost um Auto, deen duerno net méi am beschten Zoustand, a méi schwéier ze fuere war. De Bellof war trotzdeem dee Séiersten. De McLaren-Teamchef Ron Dennis hat him duerno eng grouss Zukunft virausgesot. Allerdéngs net a senger Ecurie. Wéi de Bellof scho rëm am Fliger souz, hat de Senna nach emol Ronne gefuerdert mat méi mëlle Pneuen. De Brasilianer war vun enger nationaler Tëleeschaîne begleet ginn, déi hien um Enn als Séierste vum Dag filme konnt.
Danz op dräi Hochzäiten
De Stefan Bellof krut seng Plaz an der Formel 1. Allerdéngs beim Tyrrell-Team, dat 1984 déi eenzeg Ecurie ouni Turbomotor war. Domat ware keng Spëtzeplacéierunge méiglech. An awer konnt den Däitsche säin enormt Talent ënner Beweis stellen. De Grand Prix vu Monaco ass an d'Anale vum Motorsport agaangen, well do dem Ayrton Senna säi Stär opgaange war, wéi hie mat senger behäerzter Fuerweis der Elite bewisen hat, wéi gutt hien ass, a just knapp d'Victoire verpasst hat. Wat awer dacks vergiess gëtt an där Geschicht: de Stefan Bellof war op deem verreenten Dag an der Principautéit nach méi séier ënnerwee wéi de Senna.
Vun der leschter Startplaz hat hien sech bis op Plaz 3 no vir gekämpft, wéi d'Renne vum Directeur de course Jacky Ickx, wéinst ze staarkem Reen, ofgebrach gi war. Bis haut gëtt sech driwwer gestridden, ob de Gewënner Alain Prost mat där Decisioun geschützt sollt ginn, ob de Senna duerfir net hat dierfe gewannen, oder ob dem Ickx dem Bellof seng Performance en Dar am A war. Well Tyrrell an där Saison mat onerlaabten Tricke geschafft hat, goufen nodréiglech all hir Resultater a Punkte gestrach. Dowéinst daucht den Däitschen net an den offizielle Statistiken op. Seng Plaz um Podium gouf spéider dem Véiertplacéierte Ferrari-Pilot René Arnoux zougesprach.
Parallel zur Formel 1 war den Däitschen an där Saison weider an der Laangstrecke-WM gefuer, mol fir d'Wierksteam, mol fir d'Schwäizer Brun Team. Um Enn vum Joer war hien op d'mannst an deem Grupp-C-Auto um Zil vu sengen Dreem. Weltmeeschter op der Laangstreck. Quasi niewelaanscht war hien och nach dat däitscht Championnat vun de Sportsween gefuer, an och do, iwwerleeë Meeschter ginn.

© Sven Simon / dpa Picture-Alliance via AFP
Bannent dräi Wochen zwee fatal Accidenter
Nieft dem Stefan Bellof war zu där Zäit mam Manfred Winkelhock en zweeten Däitschen an der Formel 1 ënnerwee. Allebéid grouss Talenter, déi awer allebéid a schlechten Autoe souzen. Well et an där Zäit net ongewéinlech war, si Formel-1-Piloten, wann de Kalenner et erlaabt huet, niewebäi an anere Serië gefuer. D'Chancen ze gewannen, a méi ze verdéngen, waren an der Laangstrecke-Weltmeeschterschaft méi grouss wéi an der Kinneksklass. D'Coursse mat de Grupp-C-Prototyppe waren extreem beléift, wann och gläichzäiteg net ongeféierlech. Den 12. August 1985 sollt de Winkelhock zu Mosport a Kanada mam Porsche 956 vum Kremer-Team schwéier veronglécken. Ursaach war warscheinlech technescht Versoen. Am Spidol konnt hien net méi gerett ginn. Mee Motorsport-Däitschland, dat laang keen Held méi hat fir ze veréieren, sollt nëmme wéineg spéider nach méi déif getraff ginn.

© Sven Simon / dpa Picture-Alliance via AFP
D'Saison 1985 war fir de Bellof eng weider am ënnerleeënen Tyrrell, deen, och mat Turbomotor, nach ëmmer eng Mëtsch war. Bei de Sportsween souz de Bellof net méi am Wierksauto, mee sollt am private Porsche vun der Brun-Ecurie géint déi vum Wierk untrieden. Et sollt en Iwwergangsjoer ginn. Dass hien esou séier war, huet net jidderengem gefall. De Starpilot bei Porsche Jacky Ickx, am Hierscht vu senger illusterer Karriär, konnt et nëmme schlecht verquëssen, dass den Däitschen och alt mol de Geck mat him gemaach huet. Ganz ofgesinn dovun, dass de Stefan reegelméisseg méi séier war wéi de Belsch. Wann de liewegen Däitschen de Belsch "Jakob" genannt huet, ass dat net gutt ukomm. Gewosst ass och, dass de Bellof an de Senna nom Ofbroch 1984 zu Monte Carlo net gutt op den Ickx ze schwätze waren.
Beim WM-Laf vun de Sportsween um Traditiounscircuit vu Spa-Francorchamps sollt alles kulminéieren. Eigentlech wollt de Bellof guer net untrieden, well fir déi Zäit Formel-1-Tester an England ugesat waren. Säin Teamkolleeg Thierry Boutsen konnt den Däitschen awer iwwerzeege mat him ze fueren, war et dach deem säin Heemspill, a mat engem Bellof am Auto konnt hie sech duerchaus Chancen op eng Victoire ausrechnen. Den Auto vu Brun war op d'mannst sou gutt wéi déi vum Wierk.
Eng Kette vun onglécklechen Evenementer
No ronn enger Stonn Course war den Ickx vir am Wierksauto, wéi de Bellof den Auto vum Boutsen iwwerhuele sollt. Dobäi koum et awer zu engem Problem. Well de Belsch net vun der Bensinnspompel fir d'Reserve zréck op d'Pompel fir de regulären Tank geschalt hat, goung den Auto net direkt un. Um Enn vun der Boxegaass gouf den Däitschen dunn net direkt vun de Streckeposte fuere gelooss. Sichtlech rosen hat hien sech duerno op d'Verfolgung gemaach vu sengem "Äerzfeind", a konnt séier bei en opschléissen. Dem Belsch war an der Suite awer ronnelaang net dru geleeën, den Däitschen op senger Heemstreck laanscht ze loossen. De Bellof wollt doropshin den Ickx ënnen an der faméiser Eau Rouge bausse rëm den Hiwwel op de Raidillon erop iwwerhuelen. Et wier dat ultimatiivt Iwwerhuelmanöver gewiescht.
Dofir hätt den Ickx awer misse matspillen. Dëse war op senger Linn bliwwen, sou dass béid Porsche bei héijer Vitess matenee kollidéiere sollten. Wärend de Veteran just liicht Blessen dovugedroen hat, war et fir de jonke Star warscheinlech schonn ze spéit. Hie war frontal an e Pilier aus Beton geknuppt, deen direkt hannert der Leitplank stoung an de viischten Deel vu sengem Sportswon komplett no uewen diebele sollt. Warscheinlech nach op der Streck war de Stefan Bellof am Alter vu 27 Joer verscheet. Offiziell Doudesursaach am Spidol zu Stavelot: Häerzstëllstand.
D'Experte si sech (on)eens
D'Bestierzung war nom 1. September 1985 grouss. Bannent dräi Wochen hat Däitschland zwee vu senge beschte Motorsportler verluer. Bis haut ginn d'Meenungen doriwwer auserneen, wie Schold war um Accident. De muttwëllege Bellof, oder de verbrueten Ickx? Eens si se sech all, dass dat geplangte Manöver eigentlech onméiglech war. De Bellof hätt et net grad do misse versichen - do wou just Plaz ass fir een Auto. Tragesch: den Dag virum Accident hat hien nach selwer an engem Interview gesot, dass een an der Eau Rouge eigentlech net iwwerhuele kéint.
Bis haut gëtt de Jacky Ickx jiddefalls net gären op deen Tëschefall an op de Personnage Bellof ugeschwat. Deemools nach geheim, entretemps gewosst ass, dass den Däitsche fir d'Saison 1986 e Formel-1-Kontrakt bei Ferrari ënnerschriwwen hat. Dueller ëm Victoiren a Weltmeeschterschaften an de Joren duerno tëscht him an den Häre Senna a Prost kënne mir eis haut just virstellen. Och wa mir wëssen, dass d'Autoe vu Maranello Enn den 80er net déi allerbeschte waren. Dee Wiessel hätt de Stefan Bellof awer sécher an déi éischt Liga vun de Formel-1-Pilote geschoss.
Ouni dee fatalen Accident hätt dem Michael Schumacher seng Karriär wuel eng aner Richtung kritt. Vläicht wier se och guer net zustane komme, wéi de 7-fache Weltmeeschter viru 15 Joer selwer an engem Interview ze bedenke ginn hat. Ouni deen Accident hätt sech an der Welt vum däitsche Motorsport warscheinlech alles ëm de Bellof gedréint, esou de Schumi deemools. Den Jacky Stewart sot eng Kéier, de Stefan wier dat gréissten Talent gewiescht, dat hie jee gesinn hätt fueren. Fir de fréiere stellvertriedende Renndirekter vun der Formel 1 Herbie Blash war hien eng Mëschung aus Michael Schumacher a Gilles Villeneuve. Dem Éisträicher Gerhard Berger no war de Bellof op engem Niveau mam Senna, a sécher besser wéi de Schumacher.
Traureg, dass mir et ni wierklech rausfanne konnten.

© SVEN SIMON / dpa Picture-Alliance via AFP