Dës Saison wäert de Lëtzebuerger nieft der Endurance-WM och déi franséisch Superbike-Meeschterschaft fueren.
Et huet ee puer Joer gedauert, ma de leschte September huet de Chris Leesch mat der Ekipp RAC41 Chromeburner seng éischt Course vu der Endurance-Weltmeeschterschaft gewonnen. Mam 100. Bol d’Or war dat eng legendär a geschichtsträchteg 24-Stonnen-Course. Nach ni war ee Lëtzebuerger esou séier um Moto ënnerwee wéi de Chris Leesch.
Dës Saison wëll hien ee weidere Schrëtt a senger sportlecher Karriär maachen. Ënnerstëtzt vun Honda France wäert de Motorsportler nieft der Endurance-WM och déi franséisch Superbike-Meeschterschaft fueren. Um Enn vun enger laanger Trainingswoch a Spunien huet huet den 28 Joer ale Coureur um Circuit zu Valencia de beschte Setup fir seng nei Honda Fireblade gesicht.