Chris Leesch gëtt Deel vun de Black Knights, Plaz 5 zu Le Mans

De 27 Joer ale Lëtzebuerger wäert d'Faarwe vun der belscher Ekipp an der Endurance Weltmeeschterschaft an am franséische Superbike Championnat 2023 droen.
Um Circuit Bugatti zu Le Mans ass an dräi Wochen déi éischt Course vun der Endurance-Weltmeeschterschaft an esou waren de leschte Weekend och vill Wierksfuerer aus der WM sur place, wéi do déi éischt Manche vu der franséischer Meeschterschaft gefuer gouf. No senge staarke Leeschtungen an de leschten zwee Joer huet d’Equipe RAC 41 Chromeburner mat der Hëllef vun Honda France dëst Joer och de Lëtzebuerger an dem Superbike-Championnat ageschriwwen.
Am Qualifying de Samschdeg hat de 27-Järegen nach Ofstëmmungsprobleemer a war ënnert knapps 50 Piloten mat senger 13. Plaz, zwouanenghallef Sekonnen hannert dem franséische BMW-Wierksfuerer Jeremy Guarnoni net ganz zefridden. Um Sonndeg de Moie waren du schwiereg Bedingungen a mat Reepneuen op fiichter Streck konnt de séiere Lëtzebuerger seng ganz Klass weisen. Eng hallef Minutt hannert dem Honda-Wierksfuerer Mickaels Di Meglio konnt hie seng Honda Fireblade als Fënneften iwwert d’Zillinn bugséieren.
Sonndes Mëttes sinn di meescht dunn op Slicks gestart, ma schonns an der éischter Ronn gouf de Chris Leesch zwee Mol ofgedrängt an ass vu senger 13. Startplaz bis hannert déi 20. Plaz zeréckgefall. De Rescht vu de 15 Ronne goung et just nach no vir, ma um Enn huet him als 12. eng weider Ronn gefeelt, fir nach emol an d'Top10 ze fueren. No zwou Victoirë féiert de Mickaels Di Meglio de Championnat un an de Chris Leesch ass Siwenten.
Ee Méindeg koum dunn d’Nouvelle, datt de Lëtzebuerger des Saison och d’Faarwe vu de Black Knights wäert droen. Zu der belscher Ekipp vu Zelos gehéieren eng ganz Partie staark Motosfuerer queesch duerch all Kategorien. Den nächste Weekend kënnt et da zu enger weiderer Première vu dem Motossportler: Hei bei RTL wäert de Chris Leesch de Sonndeg Owend de Livestream vum argentinesche MotoGP kommentéieren.
Dem Chris Leesch säi Courseprogramm 2023
25/26.03. FSBK Le Mans
15/16.04. 24h Moto Le Mans
29/30.04. FSBK Nogaro
27/28.05. FSBK Ledenon
17/18.06 24h Spa Spa Francorchamps (B)
01/02.07 FSBK Magny-Cours
15/16.07. FSBK Pau Amos
26/27.8. FSBK Carole
16/17.09 Bol d’Or Paul Ricard
30/01.10. FSBK Paul Ricard