D'Communautéit vum Lëtzebuerger Motorsport ass nach ëmmer grouss. Deementspriechend grouss war de Succès vum éischte "Schëtter Classic Day".

220 Leit hate sech fir de "Schëtter Classic Day" ugemellt. 60 ware schliisslech komm. Knapp 300 ikonesch Autoe konnt ee schliisslech bewonneren. Dorënner ënner anerem de legendäre Ford GT40, mat deem Ford 1966 bei de 24 Stonne vu Le Mans gewonnen, a Ferrari domadder eng säfteg Lektioun erdeelt hat. Zwou dëser Maschinne konnt een zu Schëtter bewonneren.

Wéi Thierry Schloesser erkläert, wier et net evident gewiescht, déi zwee Forden op Schëtter ze kréien, ma et wier een ebe gutt mat deene richtege Leit aus der Motorsport-Zeen. Hien a seng Partner Marc Kolber a Pit Streveler stiechen hannert "MTP Events", déi de "Classic Day" organiséiert hunn.

An och bekannten Athleten aus dem Lëtzebuerger Motorsport hunn et sech net huele gelooss, op déi éischt Editioun vum "Classic Day" ze kommen, dorënner de Gil Linster oder Dylan Pereira.

Méi iwwert d'Begeeschterung fir al a séier Autoe gitt Dir am Reportage gewuer.