Den Hollänner Morris Schuring konnt iwwerraschend d'Course zu Spa vir sech entscheeden. Si gouf no 11 vun 12 Ronne wéinst Reen ofgebrach.

Zu Spa-Francorchamps ass dëse Weekend am Kader vum Grousse Präis nees de Porsche Supercup gefuer ginn.

Nach als 12. am General aus der leschter Course heem gefuer, hate wuel wéineg Leit de Morris Schuring op hirer Rechnung.

Ma den 18 Joer jonken Hollänner konnt an der Qualifikatioun um Samschdeg scho mat der séierster Zäit an der Qualifikatioun weisen, datt hien e potentielle Kandidat fir d’Victoire wier.

Vun der Pole aus an d’Course gestart, krut de Schurring den Drock vum Bastian Buus, geréiert a konnt esou souverän seng éischte Victoire am Porsche Supercup feieren.

Éischten am General bleift de Bastian Buus (84), virum Harry King (71) an neien Drëtten ass mat dësem Resultat den Dorian Boccolacci(68).

De Larry Ten Voorde fält op déi véierte Plaz zeréck.

No der Summerpaus geet de Supercup dann direkt mat zwou Courssen, samschdes a sonndes, zu Zandvoort nees weider.

Dir kënnt dës Course op RTL.lu an RTL Play suivéieren.