Den 3. Februar gouf d'Offroad-Community op Prag fir d'FIA Offroad Prize Giving Ceremony invitéiert.

D'Präisiwwerreechung war am Gebai vun der Tschechescher Automobilifederatioun "Autoklub České Republiky".

Ënnert de Laureate war och de Lëtzebuerger Kevin Peters, dee jo an der Autocross-Europameeschterschaft op déi 3. Plaz am Endresultat komm war.

RTL

© Foto Zuzka

Ma net just d'Piloten aus dem Autocross goufe geéiert. Ënnert anerem waren och d'Gewënner vun der Rallycross-Weltmeeschterschaft an Europameeschterschaft zu Prag, fir hir Präisser entgéint ze huelen.