Fir de Steve Jans, den Tobias Müller an den Noah Nagelsdiek war et de Weekend den Optakt an d'NLS-Saison 2024, dat um Porsche 911 GT3 Cup.

Et ass jo eng Kollaboratioun tëscht dem däitschen Team Black Falcon an dem nei gegrënnten "48 LOSCH Motorsport".

E Samschdeg war déi éischt 4-Stonne-Course vun der Saison, an do sollt et an der Cup2-Klass bis déi lescht Ronn spannend bleiwen, an esouguer doriwwer eraus.

Op de leschte Meter war et zu engem ganz enken Duell tëscht den Autoe mat der Startnummer 100 an der 120 komm. An der Hohenrain-Schikan huet den Nico Otto (#100) den David Jahn (#120) ze pake kritt, wouduercher de W&S-Porsche vun der Streck gedréint gouf.

Den Nico Otto ass weidergefuer an huet et als éischte Cup2-Auto iwwert d'Zillinn gepackt. Hannendru war et dunn den Auto mat der Startnummer 148, dee vum Steve Jans, Tobias Müller an Noah Nagelsdiek.

Well den Auto #100 eng 35-Sekonnen Zäitstrof kritt huet, wéinst der Aktioun mat der #120, ass d'Victoire an der Cup2-Klass un d'Team Black Falcon Team Losch 48 gaangen, an och esou um Podium gefeiert ginn.

D'Freed war allerdéngs net vu laanger Dauer. D'Sportskommissären hu sech nämlech nach emol ageschalt. D'Team ëm de Lëtzebuerger Steve Jans hat nämlech bei hirem éischte Boxestopp de Feeler gemaach, 12 Sekonnen ze mann stoe bliwwen ze sinn. Dofir gouf et eng Zäitstrof vu 35 Sekonnen, plus déi 12 Sekonnen, déi gefeelt haten. Doduerch fale si op Plaz 4 zeréck an d'Podiumsplaz an der NLS1 war futsch. Am General war et um Enn Plaz 13.

Ma och d'Team mat der Nummer 100 gouf nodréiglech méi haart bestrooft, nämlech mat 5 Minutten amplaz 35 Sekonnen. Doduercher fale si op Plaz 5 zeréck. Freeë konnt sech dogéint d'Team mat der Nummer 120, well si konnte sech dunn trotz dem onfräiwëllegen Dréier an der leschter Kéier nach iwwert Plaz 1 an der Cup-Wäertung freeën.

Gewonne gouf d'Course vum Falken-Porsche mat Joel Eriksson an Nico Menzel, virum Manthey-Porsche mat Laurens Vanthoor a Kevin Estre. Plaz 3 goung un den Audi R8 vu Frank Stippler a Markus Winkelhock.

NLS2 um Sonndeg - Plaz 1 an der Klass

Sonndes huet et fir de Steve Jans a seng Teamkolleege geheescht, et besser ze maachen. Et war nees e ganz spannenden Dräikampf an der Cup2-Kategorie, déi Kéier tëscht den Autoe mat der Nummer 148, der 124 an der 122.

De Peter Terting war déi zwou lescht Ronnen un der Spëtzt, ma direkt hannendrun am Genéck souz him den Tobias Müller um Black-Falcon-Porsche. Deen huet sech eréischt ganz um Schluss vun der Döttinger Höhe laanscht d'Nummer 124 gesat, dat duerch Hëllef vum Wandschied. Mat enger minimaler Avance vu just 0,282 Sekonne fiert den Teamkolleeg vum Steve Jans als éischten an der Cup2-Wäertung iwwert d'Arrivée. Am Generalklassement war et esouguer déi exzellent 6. Plaz.

Domat gouf et an der 2. Course vun der NLS-Saison déi éischt Victoire fir Black Falcon Team 48 Losch, wat Hoffnung fir de Recht vun der Saison mécht.

Och wat d'Gesamtvictoire ugeet, blouf et spannend bis zum Schluss. Méi spannend geet wuel bal net. Et hat alles no enger Victoire vum Lamborghini Huracan GT3 Evo II vum Red Bull Team Abt ausgesinn, bis op déi lescht Meter. Den Jordan Pepper huet kuerz virun der Zillinn e bësse Gas eraus geholl, fir genee virun de 4 Stonnen driwwer ze fueren, fir dass en net nach eng weider Ronn misst fueren. Hannendrun huet de Laurens Vanthoor mam Porsche 911 GT3 R awer weider Vollgas ginn a konnt sech sou in extremis mat just 0,042 Sekonne Virsprong nach laanscht de Lamborghini drécken. Sou e knappt Resultat gouf et bis elo nach ni an der Nürburgring Laangstreckeserie.

Laang Zäit sech z'erhuelen hunn d'Teams net, well schonn den nächste Weekend geet et weider um Nürburgring, dat nees mat engem duebele Rendez-vous. Samschdes a sonndes stinn d'ADAC 24h Qualifiers um Programm. Et sinn dat nees zwou Courssen iwwert all Kéiers 4 Stonnen.