Francesco Bagnaia ganz uewen um Podium

© JORGE GUERRERO/AFP
An engem héichklassegen Duell huet sech den Italiener géint de Marc Marquez duerchgesat. De Jorge Martin huet no enger Chute missen opginn.
Am MotoGP zu Jerez a Spuenien huet de Francesco Bagnaia sech d'Victoire geséchert. De Marc Marquez gouf den Zweeten an de Marco Bezzecchi ass als Drëtten iwwer d'Arrivée gefuer. Am General ass de Jorge Martin weider den Éischten, obwuel hien a Spuenien no enger Chute huet missen opginn.
Nom Start ass de Marc Marquez op der éischter Plaz bliwwen, gouf awer nach virum Enn vun der éischter Ronn vum Bagnaia iwwerholl. No engem Feeler vum Bagnaia an der zweeter Ronn, huet de Martin d'Féierung iwwerholl. De Bezzecchi an de Marc Marquez louchen op de Plazen 3 a 4. Déi véier Piloten hu sech och vum Rescht ofgesat.
An der Suite ass et weider gaangen, bis de Martin an der 11. Ronn ausgerutscht ass an aus der Course ausgefall ass. De Bagnaia huet déi éischt Plaz iwwerholl a se bis zum Schluss net méi ofginn. Hannendru gouf et e flotten Duell tëscht dem Marquez an dem Bezzecchi. An der 14. Ronn huet de Marquez de Bezzecchi iwwerholl. De Marquez ass dem Bagnaia méi no komm an huet probéiert ze attackéieren. Den Italieener huet awer kee Feeler gemaach an huet d'Course gewonnen. De Marquez gouf den Zweeten an de Bezzecchi den Drëtten.
Kuckt hei de Replay vun der MotoGP.
De Fermin Aldeguer huet sech am Moto2 duerchgesat. De Leader am General Joe Roberts koum op déi zweet Plaz. De Podium gouf vum Manuel Gonzalez komplettéiert.
Kuckt Iech hei déi komplett Course vun der Moto2 am Replay un.
Am Moto3 huet de Collin Veijer d'Course ganz knapp gewonnen. Op d'Plazen 2 an 3 sinn den David Munoz an den Ivan Ortola gefuer.
Hei kënnt Dir de Replay vun der Moto3 kucken.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 F. Bagnaia Ducati Ducati 40:58.053
2 M. Marquez Gresini Ducati +0.372
3 M. Bezzecchi VR46 Ducati +3.903
4 A. Marquez Gresini Ducati +7.205
5 E. Bastianini Ducati Ducati +7.253
Moto2
1 F. Aldeguer Beta Tools - Speed Up Racing
2 J. Roberts OnlyFans American Racing Team +1.287
3 M. Gonzalez QJMOTOR Gresini Moto2 +1.568
4 S. Garcia MT Helmets - MSI +6.226
5 A. Arenas QJMOTOR Gresini Moto2 +8.059
Moto3
1 C. Veijer Liqui Moly Husqvarna Intact GP 33'29.725
2 D. Munoz BOE Motorsports +0.045
3 I. Ortola MT Helmets - MSI +0.871
4 R. Yamanaka MT Helmets - MSI +4.849
5 J. Kelso BOE Motorsports +10.178
De General
MotoGP
1 Jorge Martin 92
2 Francesco Bagnaia 75
3 Enea Bastianini 70
4 Pedro Acosta 69
5 Maverick Vinales 63
Moto2
1 Joe Roberts 69
2 Sergio Garcia 64
3 Fermin Aldeguer 54
4 Manuel Gonzalez 46
5 Ai Ogura 43
Moto3
1 Daniel Holgado 74
2 David Alonso 68
3 Collin Veijer 46
4 Ivan Ortola 39
5 Joel Kelso 39