Bei der Victoire vum Slowen Patrik Zajelsnik klasséiert sech de Canio Marchione op der 19. Plaz als beschte Lëtzebuerger Pilot.

5 Joer sinn et hier, dass déi 31. Biergcourse vum Heischtergronn erop op Eschduerf gefuer gouf. Dass dës séier an technesch Streck vu knapp 2 Kilometer Längt iwwer d’Grenzen eraus bekannt ass ënnersträicht d’Bedeelegung vun 167 Piloten. Aus der Schwäiz, der Belsch, Polen, Slowenien, Däitschland, Éisträich a Frankräich si se ugereest, fir sech och mat de Lëtzebuerger Piloten ze moossen. Et ass awer och drëms gaange Punkte fir dat däitscht, belscht a Lëtzebuerger Bierg-Championnat ze sammelen.

Biergcourse zu Eschduerf
Biergcourse zu Eschduerf

D'Lëtzebuerger Piloten, déi déi lescht Joren nëmmen am Ausland konnte fueren, fir ëm den nationalen Titel ze kämpfen, begréissen, dass nees eng Biergcourse an onsem Land organiséiert gëtt. Alles an allem war vill Enthusiasmus néideg, fir dës traditionell Biergcourse nees opliewen ze loossen. Einfach ze organiséieren ass en Evenement wéi d'Biergcourse zu Eschduerf awer net. Nieft 100 Fräiwëllege muss och gekuckt ginn, dass de Käschtepunkt vu ronn 100.000 € ofgedeckt gëtt.

Um sportleche Plang konnt een de Weekend iwwer Autoen aus ronn 5 Joerzéngten am Asaz gesinn. Vu Ween aus de 70er Jore bis ganz rezent Autoe waren op dëser Biergcourse ze bewonneren. Dëst hu sech dann och ganz vill Spectateuren aus dem In-an Ausland net huele gelooss.

De Streckerekord, deen 2018 vum Fransous Sébastien Petit opgestallt gouf, läit bei 48 Sekonnen a 26 Honnertstel fir déi 1850 Meter, wat enger Moyenne vun impressionanten 138 Kilometer an der Stonn entsprécht! Eng Primm vun 1.000 € hätt dee Pilot kritt, deen dëse verbessert hätt. Verbessert gouf dësen um Sonndeg awer net. Séiersten no deenen zwou éischte Manchë war de Patrik Zajelsnik op engem NOVA-PROTO Honda Turbo an 49 Sekonnen an enger Honnertstel, d'Leaderpositioun, déi de Slowen an der 3. Manche géint déi staark Konkurrenz verdeedege wollt. Dëst ass him dann och gelongen, knapp 2 Sekonne virum Schwäizer Robin Faustini op dem selwechte Fabrikat.

Séierste Lëtzebuerger Pilot war de Canio Marchione op senger Osella Honda als 19., 11 Plaze virum Frank Maas op engem änlechen Auto, deen awer méi schwéier ass a manner Leeschtung huet.

Et soll net bei dëser eenzeger Biergcourse hei am Land bleiwen. Eng aner, déi fréier traditionell Biergcourse op Ouschterméindeg zu Luerenzweiler soll d’nächst Saison een zweet Fréijoer erliewen a méiglecherweis och nach anerer.

Andréck vum Training