Sebastien Ogier setzt sech a Portugal duerch

© AFP
Fir de Fransous ass dat déi 60. WRC-Victoire a senger Karriär. De Lëtzebuerger Grégoire Munster war an der Speciale 21 onglécklech ausgefall.
E Sonndeg huet sech den Toyota-Pilot Sebastien Ogier bei der WRC-Rallye no 337,04 Kilometer an 22 Specialë mat engem Virsprong vu 7,9 Sekonnen virum Ott Tänak am Hyundai duerchgesat. Mat engem Retard vun 1:12 Minutt ass den Thierry Neuville am Hyundai op déi drëtt Plaz gefuer, deen domat säi Virsprong am WM-Klassement weider op 24 Punkten ausbaue kann.
De Lëtzebuerger Grégoire Munster war an der zweetleschter Speciale vum Weekend mat sengem Auto liicht vun der Strooss ofkomm. Well op deem Deel och keen do war fir ze hëllefen den Auto rëm op d'Streck ze drécken oder zéien, war d'Course fir hie fréizäiteg eriwwer.