Gil Linster huet u verschiddene Schwaachstelle geschafft
Dëse Weekend geet de Gil Linster bei der zweeter Manche vun der Euronascar 2 zu Vallelunga an Italien un den Depart.
Déi lescht Woche stounge fir den 30 Joer jonke Pilot am Zeeche vun der Virbereedung. D'Zil ass kloer definéiert, et sollen esou vill wéi méiglech Punkten am Klassement dobäikommen. No de Courssen a Spuenien souz de Gil Linster net méi a sengem Course-Auto. Dat huet hien awer net dru gehënnert, fir u verschiddene Schwaachstellen ze schaffen.
Eng dovunner war d'Verdroe vun der Hëtzt. Donieft stoungen awer och Trainingen am Fitnessstudio oder op der Kartingpist um Programm. Eng aner Trainingsméiglechkeet, déi dem Gil Linster zu Verfügung steet, ass de Simulator. Hei kann ee sech op bekannte Parcourse mat der Konkurrenz moossen. Fir dat mat den Amerikaner, déi och um Nascar-Circuit ënnerwee sinn, ze maachen, huet sech de Lëtzebuerger Pilot de Wecker geriicht an ass an der Nuecht géint d'Konkurrenz gefuer. Am Moment ass de Fréisenger den 8. am Generalklassement. Fir de Sprong an déi amerikanesch Nascar ze packen, wëll de Gil Linster onbedéngt Champion ginn. Dem Lëtzebuerger seng Coursse kënnt Dir de Weekend am Livestream op RTL.lu kucken.