Dëse Sport huet nach ëmmer e ganz treie Fanclub
"D’Stock-Cars-Fueren" hat seng Glanzzäit an de 70er an 80er Joren. Aus enger Traditioun gëtt ëmmer méi eng Passioun.
Vill Lëtzebuerger goufen awer schonn an der 60er infizéiert an dëse Sport huet bis haut en zwar manner groussen, mee ganz treie Fanclub. D’Passioun "Stock Car", deemools an haut.
Wat ass eigentlech eng Stock-Car-Course? Wat um Site vun der Lëtzebuerger Stock-Car-Federatioun ze liesen ass, kann een esou iwwersetzen: et geet bei eis net ëm d’Vitess, mee du muss fuere kënnen, an du dierfs net fäerten, wann deng eeler, ëmgebaute "Rennmaschinn" mat aneren zesummeknuppt. Ganz am Géigendeel – wann s de en aneren técks oder en esouguer vun der Pist drécks, ginn et esouguer extra Punkten.
Wann déi eng an dësem Rennsport och éischter eng Fräizaitbeschäftegung gesinn, déi ausser Kaméidi a Gestank näischt opweises huet, bréngt déi aner Säit et fäerdeg, engem ouni grouss Rieden, hir Passioun z’erklären. An am beschte geléngt dat, andeems een op eng Meeschterschaftscourse geet.
Wéinst de Wiederkonditioune muss d'Stock-Car-Course zu Alzeng e Méindeg ofgesot ginn. Neie Rendez-vous ass den 2. Juni.