Eng weider zweet Plaz fir de Gil Linster zu Vallelunga

© Julien Ramos
E Sonndeg war de Lëtzebuerger Rennfuerer vun der zweeter Plaz an d'Course gaangen an huet déi Positioun bis zum Schluss gehalen.
E Sonndeg war déi zweet Course vun der NASCAR Euro Series zu Vallelunga an d’Mechaniker vum Hendriks Motorsport Team hu mussen eng Spuerstaang um Auto mat der Nummer 50 wiesselen , dëst warscheinlech wéinst dem Kontakt mam Claudio Capelli e Samschdeg.
De Gil Linster ass vun der 2. Plaz gestart, dat nodeems hien um Samschden déi zweetséierst Zäit an der Course gefuer ass. Direkt vum Start u war de Lëtzebuerger ganz aggressiv, mee den Doubek , deen de Weekend extrem staark opgetrueden ass, huet sech duerchgesat. De Gil Linster huet awer weider hefteg Drock gemaach a war an den éischte Ronne manner wéi eng Sekonn hanner dem zweeten Hendriks-Auto. An der 6. Ronn gouf et eng Full Course Yellow, well de Benedetti an de Rehberg op der Streck ausgerullt sinn.
Beim Restart an der 9. Ronn sinn déi zwee Hendriks-Motorsport-Autoen an der selwechter Reiefolleg fortkomm, mat iwwer 6 Sekonne Virsprong op den Drëtten a knapp 15 Sekonnen op de Rescht vum Feld. An der 12. Ronn gouf et eng weider FCY a beim Restart huet de Lëtzebuerger nach emol alles ginn a probéiert, säin Teamkolleeg an e Feeler ze drängen, mee um Enn gouf et erëm eng gutt zweet Plaz fir de Lëtzebuerger an domat nees vill Punkte fir de Championnat. Op der drëtter Plaz ass de Melvin De Groot ukomm.
„Ech hunn alles ginn, virun allem am éischten an am zweete Secteur, mee am drëtte Secteur hunn ech nees Zäit agebéisst. Dëse Weekend war de Martin einfach ze staark“, sot en zefriddene Gil Linster no der Course. Datt de Speed do ass, huet de Lëtzebuerger mat der séierster Ronn bewisen. Et ass awer elo no zwou Manchë scho kloer, datt de Wee fir Champion ze ginn absolut laanscht de Martin Doubek muss féieren.
Déi nächst Course ass den 8.-9. Juni zu Brands Hatch a Groussbritannien.