De Charles Leclerc steet zu Monaco op der Pole Position
De Monegass huet sech déi 1. Plaz am Qualifying virum Oscar Piastri an dem Carlos Sainz geséchert. De Max Verstappen gouf just de Sechsten.
Fir Ferrari war et mat de Plazen 1 an 3 e gudde Qualifying. De Piastri (McLaren) huet op der 2. Plaz och iwwerzeegt. Säin Teamkolleeg Lando Norris gouf de 4.. Fir de Max Verstappen war et fir d'éischt Kéier säit 8 Coursen, datt hien net ganz uewen am Qualifying stoung. De Verstappen hat an der entscheedender Phas d'Mauer beréiert a konnt fir net méi agräifen.
Am Q1 gouf et eng iwwerraschend Eliminatioun vum Sergio Perez op Red Bull. Donieft gouf et déi nächst Enttäuschung fir de Fernando Alonso, deen et a sengem Aston Martin och net an de Q2 gepackt huet. Béid Sauber-Pilote Valtteri Bottas an Zhou Guanyu an de Logan Sargeant am Williams hunn hir Autoen nom Q1 och missen ofstellen.
Am Q2 sinn déi zwee Hass-Piloten Nico Hülkenberg a Kevin Magnussen eliminéiert ginn. Den Out war et och fir den Esteban Ocon (Alpine), den Daniel Ricciardo (AlphaTauri) an den zweeten Aston-Martin-Pilot Lance Stroll.
Eng gutt Performance gouf et vum Alexander Albon a sengem Williams. Hien huet et dës Saison fir d'éischt an de Q3 gepackt a gouf um Enn de 9..
De Grousse Präis kënnt Dir e Sonndeg wéi gewinnt op RTL ZWEE, RTL.lu an um RTL Play suivéieren. Den Depart vun der Course ass fir 15 Auer festgeluecht.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
