Francesco Bagnaia zu Barcelona ganz uewen um Podium

© JOSEP LAGO/AFP
Den Italieener huet de Grousse Präis vu Katalounien virun den zwee Spuenier Jorge Martin a Marc Marquez gewonnen.
De Martin hat sech direkt nom Start vun der 6. op déi 4. Plaz verbessert. Hannendru louchen den Acosta, de Bagnaia an de Binder. Den Espargaro war vun der 1. op déi 5. Plaz zréckgefall. An der Suite gouf et un der Spëtzt en Zweekampf tëscht dem Martin an dem Acosta. 14 Ronne viru Schluss ass den Acosta awer gefall a wäit zréckgefall. An der Suite hat de Martin eng Avance vun enger Sekonn, de Bagnaia huet awer Zéngtel fir Zéngtel gutt gemaach. 6 Ronne viru Schluss huet den Italieener de Leader am WM-Klassement iwwerholl. Doru sollt sech bis zum Schluss näischt méi änneren. Hannendrun konnt de Marc Marquez Plaz fir Plaz gutt maachen. Hie war vun der 14. Plaz gestart an huet et um Enn nach op de Podium gepackt. Den Espargaro gouf de Véierten.
Leader am General bleift de Martin, de Bagnaia konnt duerch seng Victoire awer Punkte gutt maachen.
An der Moto2 ass den Ai Ogura als Éischten iwwer d'Arrivée gefuer. Op d'Plazen 2 an 3 koumen de Sergio Garcia an den Jake Dixon.
Den David Alonso huet fir déi 4. Kéier an der Moto3 gewonnen. De Podium gouf vum Ivan Ortola an dem Jose Antonio komplettéiert.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 F. Bagnaia Ducati Ducati 40:11.726
2 J. Martin SPA Prima Pramac Racing Ducati +1.740
3 M. Marquez SPA Gresini Racing MotoGP Ducati +10.491
4 A. Espargaro SPA Aprilia Racing Aprilia +10.543
5 F. Di Giannantonio Pertamina Enduro VR46 Racing T Ducati +15.441
Moto2
1 A. Ogura MT Helmets - MSI 36'33.540
2 S. Garcia MT Helmets - MSI +3.816
3 J. Dixon CFMOTO Inde Aspar Team +9.186
4 J. Alcoba Yamaha VR46 Master Camp Team +12.241
5 S. Agius Liqui Moly Husqvarna Intact GP +12.593
Moto3
1 D. Alonso CFMOTO Gaviota Aspar Team 32'25.084
2 I. Ortola MT Helmets - MSI +0.242
3 J. Antonio Red Bull KTM Factory Racing +0.513
4 C. Veijer Liqui Moly Husqvarna Intact GP +0.560
5 D. Munoz BOE Motorsports +1.648
De General
MotoGP
1 Jorge Martin 155
2 Francesco Bagnaia 116
3 Marc Marquez 114
4 Enea Bastianini 94
5 Maverick Vinales 87
Moto2
1 Sergio Garcia 109
2 Joe Roberts 89
3 Ai Ogura 88
4 Fermin Aldeguer 63
5 Alonso Lopez 62
Moto3
1 David Alonso 118
2 Daniel Holgado 104
3 Collin Veijer 75
4 Ivan Ortola 70
5 David Munoz 49