Den Italieener gewënnt déi zweet Course hannerteneen a kënnt am General nees méi no un de Jorge Martin erun.

Zu Mugello an Italien gouf déi siwent Course vun der Saison gefuer an d'Ecurie Ducati konnt sech an der MotoGP iwwer eng Duebel-Victoire beim Heemspill freeën. De Francesco Bagnaia konnt sech vun der fënnefter Plaz bis ganz no vir schaffen a gewënnt viru sengem Teamkolleeg Enea Bastianini. Dësen hat sech déi zweet Plaz eréischt an de leschte Ronnen an engem haarde Kampf géint de Jorge Martin an de Marc Marquez erfueren. De WM-Leader Martin gouf um Enn Drëtten an de Marquez Véierten. Am Klassement reduzéiert de Bagnaia säi Réckstand op de Jorge Martin (171) mat der zweeter Victoire hannerteneen op elo 18 Punkten.

Um italieeneschen Nationalfeierdag huet den Joe Roberts an der Moto2 vun dem schlechte Resultat vum WM-Leader Sergio Garcia profitéiert. De Roberts konnt sech d'Victoire kropen, wärend de Garcia just als Véierten iwwer d'Arrivée gefuer ass. De Manuel Gonzalez an den Alonso Lopez hunn de Podium komplettéiert.

An der Moto3 ass den David Alonso net ze bremsen. De WM-Leader huet an Italien seng 5. Victoire an dëser Saison agefuer an ass souveräne Leader am Generalklassement. Säi gréisste Rival Daniel Holgado krut just zwee Punkten a verléiert domat weider den Uschloss. De Collin Veijer an de Ryusei Yamanaka goufen Zweeten an Drëtten.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 Francesco Bagnaia
2 Enea Bastianini
3 Jorge Martin
4 Marc Marquez
5 Pedro Acosta
6 Franco Morbidelli
7 Fabio Di Giannantonio
8 Maverick Vinales
9 Alex Marquez
10 Brad Binder

Moto2

1 Joe Roberts
2 Manuel Gonzalez
3 Alonso Lopez
4 Sergio Garcia
5 Ai Ogura

Moto3

1 David Alonso
2 Collin Veijer
3 Ryusei Yamanaka
4 Taiyo Furusato
5 David Munoz

De General

MotoGP

1 Jorge Martin 171
2 Francesco Bagnaia 153
3 Marc Marquez 136
4 Enea Bastianini 114
5 Pedro Acosta 101
6 Maverick Vinales 100
7 Brad Binder 85
8 Aleix Espargaro 82

Moto2

1 Sergio Garcia 122
2 Joe Roberts 115
3 Ai Ogura 99
4 Alonso Lopez 79
5 Manuel Gonzalez 66

Moto3

1 David Alonso 143
2 Daniel Holgado 106
3 Collin Veijer 95
4 Ivan Ortola 80
5 David Munoz 60