Ferrari dierf no spannender Course feieren
Enttäuschungen, Wiederkaprioulen, eng éiweg Safety-Car-Phas, haart Dueller - Um Enn huet Ferrari säin Titel bei de 24h vu Le Mans verdeedegt.
Wien déi 92. Editioun vun de 24 Stonne vu Le Mans sollt gewannen, war am Fong schwéier ze prognostizéieren, well bei den dräi éischte Coursse vum Championnat et jeeweils en anere Vainqueur gouf. Nodeems Toyota de Laangstreckeklassiker Jore laang beherrscht huet, gouf et dat lescht Joer mat der Victoire vu Ferrari eng kleng Iwwerraschung. Zanterhier déi nei Reegele vun den Hybridautoe bei der WEC d’Soen hunn, méi Marke mat méi Piloten an der Startlëscht stinn, dëst Joer waren 62 Autoen um Depart, sinn d’Coursse ronderëm d‘Auer an der Sarthe vill méi interessant ginn.
Mat Porsche, Cadillac, Peugeot, BMW, Isotta Frascini, Ferrari, Toyota, Alpine a Lamborghini si gläich e puer Autoen a Fro komm fir eng Victoire vum Klassiker. Allerdéngs waren och eng 16 LMP2-Autoen um Depart. 375.000 Tickete goufe bannen dräi Woche verkaf, also den Interessi war nees grouss. D’24 Stonne vu Le Mans zielen allgemeng trotz Daytona, Francorchamps an Nürburgring zum bedeitendste Laangstreckerenne vun der Welt. Zanter 2023 zéien all d’Rennserien un engem Strang, well d’Prototyppen duerfe gläichzäiteg an der amerikanescher IMSA-Serie an och an der WEC un den Depart goen. Et ass also onweigerlech fir Spannung gesuergt am World Endurance Championship.
Bei relativ onbestännegem Wieder, Mol huet et gereent, Mol war et dréchen, an trotzdeem vollen Tribüne gouf et um Donneschdeg schonn eng spannend Qualifikatioun an der Hyperpole. De Kevin Estre huet am allerleschten Tour de Penske Porsche #6 mat 3‘24“634 min op d’Pole gestallt. Laang Zäit huet de Sébastien Bourdais um Cadillac #3 déi séiersten Zäit gehat, ier säin Teamkolleeg den Alex Lynn mam Cadillac #2 nach méi séier war. De Cadillac #2 krut awer eng Strof aus der Course vu Spa a muss fënnef Plazen no hannen. Doduerch ass de Ferrari #51 mam Antonio Giovanazzi op déi drëtt Plaz gerutscht. Um Enn war dann d’Pole Position fir de Penske Porsche #6, deen am Klassement no dräi Courssen un der Spëtzt louch, an der Hoffnung déi 20. Victoire fir Porsche zu Le Mans anzefueren. Bei den LMGT3-Autoe war dee Séiersten de McLaren #70 mam Brendon Iribe virum Manthey-Porsche #92 mam Alexander Malykhin an op der drëtter Plaz de Ferrari #66 mam Giacomo Petrobelli. An der LMP2 Klass war de Spike #14 mam Louis Deletraz de Séierste virum Job van Uitert um IDEC Sport #28 an dem Rodrigo Sales um Panis #65.

© Jeannot Boesen
De Start vun de 24h Le Mans ass e Samschdeg pünktlech um 16 Auer bei onbestännegem Wieder iwwer d’Bün gaangen. Kuerz virdru war nach eng Staffel vun der Patrouille de France mat hiren Düsefligeren iwwer d’Start- an Zillinn geflunn. An der Ufanksphas hunn déi zwee Ferrari #50 a #51 sech un d’Spëtzt gesat an den Toun uginn. Déi verschidde Pneuestrategië vun den Teams hunn awer nees de ganze Cortège op d’Kopp geworf, soudass de Ferrari #83 op emol vir war an déi zwee Toyota #7 an #8 direkt hannendrun. No fënnef Stonnen ass den Alpine #35 mat Motorschued ausgefall, domat waren déi zwee Alpine net méi dobäi, well kuerz virdrun de #36 och huet mussen opginn.
No knapp aacht Stonnen huet den Dries Vanthoor de WRT BMW #15 fir déi drëtt Kéier erausgehäit dëse Weekend, dat nodeems hien eng Touchette mam Ferrari #50 hat. Dee krut eng 10-Sekonne-Strof wéinst Onsportlechkeet. Nom Safety Car ass et mat Schmockes an d’Nuecht eragaangen. De Robert Kubica mam Ferrari #83 virum Makowiecki mam Porsche Penske #5 an dem Sébastien Buemi mam Toyota #8. Um Mëtternuecht huet et lues ugefaange mat reenen an et ass ëmmer méi ginn, soudatt vun 3.30 Auer un de Safety Car eraus komm ass. Kuerz virum Safety Car huet de Valentino Rossi säi BMW #46 an d’Sécherheetspneue gesteiert. Domat war de BMW GT3 och net méi dobäi.

© Jeannot Boesen
Eréischt um 8 Auer um Sonndeg de Moien huet de Reen opgehalen an d’Course konnt nees normal weidergoen. D’Klassement zu deem Zäitpunkt war den Toyota #8 virum Porsche #6 an dem Ferrari #50. Géint 9.30 Auer war de Ferrari #50 nees an en Accident verwéckelt, bei deme den Aston Martin #27 vum Heart of Racing Team hefteg an d’Leetschinne gerannt ass a sech iwwerschloen huet. De Pilot konnt aus eegener Kraaft aus dem Auto erausklammen, mee seng gutt Placéierung war op ee Schlag hin. Et war weiderhi spannend un der Spëtzt a géint 11 Auer huet de Sébastien Bourdais fir déi nächst Safety-Car-Phas gesuergt andeems u sengem Cadillac #3 de Moteur gestreikt huet. Hien huet mam Elektromotor mussen zréck an d’Boxe fueren. D’Mechaniker kruten de Cadillac leider net méi un d’Goen. Déi éischt Plazen hu stänneg geännert an um Enn huet déi bescht Strategie zu der Victoire gefouert. Kuerz viru 14 Auer Auer ass de Reen nach emol zeréckkomm an huet den néidege Peffer nach an d’Zopp gestreet. No 24 ofwiesslungsräiche Stonne gewënnt um Enn de Ferrari #50 mat Fuoco, Molina a Nielsen virum Toyota #7 DeVries, Kobayashi a Conway. Op der drëtter Plaz kënnt de Ferrari #51 mat Giovanazzi, Pier Guidi a Calado.
LMP2
Bei den LMP2-Autoe gewënnt den Oreca vum United Autosports Team #22 mat Jarvis, Garg a Siegel virum Oreca vun Inter Europol Competition #34 mat Smiechowski, Lomko a Novalak. Op der drëtter Plaz kënnt den Oreca vum IDEC Sport #28 mat Lafargue, Van Uitert an De Gerus.
LMGT3
Bei den LMGT3-Autoe gewënnt de Manthey Porsche #91 mat Shahin, Schuring a Lietz virum BMW vum WRT Team #31 mat Leung, Gelael a Farfus. Drëtte gëtt de Ford Mustang vu Proton Competition #88 mat Roda, Pedersen an Olsen.