Dylan Pereira zu Spa um Podium

© Martinet by Almeras
Et war e Gaaschtoptrëtt vum Lëtzebuerger Fuerer am Porsche Carrera Cup Frankräich, deen dës Saison eigentlech an Asien ënnerwee ass.
Den Dylan Pereira war dëse Weekend zweemol beim Porsche Carrera Cup zu Spa-Francorchamps am Asaz. De Lëtzebuerger konnt seng staark Form bei dësem Gaaschtoptrëtt mat enger Podiumsplaz confirméieren.
E Samschdeg war de Pereira vun der 4. Startplaz um Enn bis op déi zweet Plaz no vir gefuer. Direkt um Start hat hie sech ëm eng Positioun verbessert a konnt no enger Safety-Car-Phas eng weider Plaz guttmaachen. Fir den Alessandro Ghiretti vun der éischter Positioun ze verdrängen, goung et et net méi duer.
Bei der zweeter Course e Sonndeg louch de Lëtzebuerger laang Zäit aussiichtsräich op der zweeter Plaz, nees hannert dem Ghiretti, éier hie kuerz viru Schluss wéinst engem Platte Forfait huet mussen erklären.