Déi laang Summerpaus ass eriwwer an et geet dëse Weekend an déi zweet Hallschecht vun der Nascar Whelen Euro Series 2024.

De Lëtzebuerger Gil Linster ass am Zweekampf mat sengem Hendriks Motorsport Team-Kolleeg Martin Doubek ëm d’Meeschterschaft. 34 Punkten trennen de Lëtzebuerger vun der éischter Plaz an domat ass Spannung pur gebuede beim 8. a 9. Laf um 4,212 km laangen Autodrom Most am nordwestlechen Deel vun der Tschechescher Republik.

Um Freiden am éischte fräien Training ass de Lëtzebuerger mat 1:41.701 min di séiersten Zäit gefuer virun Doubek an De Groot. Am zweete fräien Training ass de Lëtzebuerger nees di schnellsten Zäit gefuer (1:41.172 min), des Kéier virum De Groot als Zweeten an op der drëtter Plaz den Doubek.

Um Samschde virum Qualifying huet d’Hendriks Team den Toyota Camry mat der Nummer 50 e bësse méi haart agestallt, wat d’Suspensioun ugeet an der Hoffnung den Auto nach mi schnell ze maachen an de Kéieren. De Lëtzebuerger wor mat 1:40.900 min och tatsächlech méi séier mee et ass nëmmen di 4. Plaz eraus komm. De Séierste wor de Schober virum De Groot an dem Doubek.

Beim Start vun der éischter Course um Samschden Nomëtten huet de Lëtzebuerger sech gutt no vir geschafft a louch souguer knapp virum Doubek ier et an déi éischt Kéier goung. Beim Bremsen gouf de Lëtzebuerger vum Rehberg (77) vun hannen ugestouss an huet mussen an d’Wiss fueren. Weider Autoe kruten sech ze paken an de Safety Car huet musse schonn an der éischter Ronn eraus kommen.

Den Auto vum Linster huet bei där Aktioun dräi Plaze verluer fir de Restart no fënnef Ronnen. No där Touche hat de Camry mat der Nummer 50 Schued un der Karosserie wat aerodynamesch Problemer mat sech bruecht huet. An der néngter Ronn huet de Mann aus Lëtzebuerg nach emol mussen duerch d’Wiss. „Et wor ganz schwéier d’Konkurrente viru mer unzegräife well den Auto sech komesch ugefillt huet“, sot de Linster no der Course. Domat gewënnt de Schober (3) virum Doubek (7) an de Groot (69). En zimmlech frustréierte Gil Linster fiert um Enn op der sechster Plaz iwwer d’Arrivée.

Di zweet Course ass muer um Sonnden.