Fir eng véiert Kéier sollt sech am Porsche Supercup nees alles zu Monza bei der grousser Finall decidéieren.

De Larry Ten Voorde ass mat enger Avance vun 20 Punkte géint den Harry King an dës Course gaangen. Fir de Championnat nach ze dréinen, hätt de Britt d'Course misse gewannen an den Ten Voorde hätt op der 12. Positioun oder méi schlecht missen ukommen. Nodeems den Harry King nëmme vun der fënnefter Positioun an d'Course gaangen ass, huet de Larry Ten Voorde d’Course vun der zweeter Positioun aus, just nach missen Heem fueren. 
 
No engem schlechte Start vum Robert de Haan, konnten den Ten Voorde an de Ghiretti sech direkt no der éischter Kéier virun de Lechner setzen. Och den Harry King konnt eng Plaz gutt maachen, ma dat sollt net méi duergoe fir sech säin éischte Championstitel ze sécheren. 
 
Et sollt eng emouvant Course ginn, mat ville Sortien, Accrochagen an haarden Zweekämpf, ënnert anerem tëscht dem de Lechner Piloten de Haan a King. 
 
De Ghiretti gewënnt seng éischte Course am Supercup a mat der zweeter Positioun séchert sech de Larry Ten Voorde säin drëtte Championstitel. 
 
No engem Accident an der leschter Ronn vum Haverkort, ass de Robert de Haan iwwerdeems neie Rookie-Champion.