Bei richtegem Hierscht-Wieder, mat vill Reen a Wand, gouf dëse Weekend um Ardenne-Circuit zu Spa/Francorchamps d'31. Editioun vun de Spa Six Hours gefuer.

Mat sëllegen verschiddene Courssen ewéi d’Formel 2 an 3 aus den 1970er, esou wéi Sportsween aus där Zäit an och Formel 1-Autoen aus den 1980er Joren, huet de Weekend schonn Donneschdes ugefaangen. Genee 80 Autoen hu um Samschden géint 16 Auer den Depart vun dëser Prestige-Course am Classic-Kalenner 2024 an Ugrëff geholl. Mat dobäi waren och dräi Lëtzebuerger Equipagen mat der #33 Dichter-Schmitz-Wagner, #64 Kellen-Munhowen-Schiltz an mat der #352 Konsbruck-Vermast-Pichonnier, allen dräi mat engem Ford Mustang.

De Qualifying um Freideg Owend gouf a schwieregste Wiederbedingungen ofgehalen an de Motto war ze probéieren, den Auto an engem Stéck nees ganz an d’Box ze bréngen. Bei relativ niddregen Temperaturen ëm déi 10 Grad Celsius an engem Mix aus Sonn, Reen a Wolleken waren um Samschden d’Coursse iwwer sechs Stonne gaangen. Gewonnen huet den Equipage Franchitti, Franchitti, Lotterer um Ford GT40 #41 virun Hart/ Hart/ Pastorelli och op engem Ford GT40 #8 an op déi drëtt Plaz kënnt d’Ekipp Shedden/ Barker / Butcher op engem Lotus Elan #40.

Séierste Lëtzebuerger Equipage waren Kellen/ Munhowen/ Schiltz op der 27. Plaz. Si koumen dann och op Plaz 2 an hirer Klass.

RTL

Op der Plaz 45 kënnt d’Ekipp Wagner/ Dichter/ Schmitz an op der 50. Plaz de Mustang GT350 mat Konsbruck/ Vermast/ Pichonnier.

De Mustang Klub Lëtzebuerg hat zesumme mam Ford Store Paul Wengler a mam Organisator vum Event Roadbook en Treffen organiséiert, fir 60 Joer Ford Mustang ze feieren. Knapp iwwer 100 Autoen aus verschiddene Joren hu sech am fréieren Rally Cross-Stadium nieft dem bekannte Raidillon versammelt. Als Bonus gouf et och nach eng kuerz Visitt vum CEO vu Ford USA, dem Jim Farley, deen d’Leit vum Club begréisst huet an e puer Wuert iwwert d’Zukunft vum Ford Mustang zum Beschte ginn huet.