Bei der 11. Manche vun der Rallye-WM gëtt et um Enn eng Victoire fir de finneschen Duo Kalle Rovanperä a Jonne Halttunen op Toyota GR Yaris Rally1.

Plaz 2 ass fir e weidert Team aus dem Haus Toyota, an dësem Fall fir den Elfyn Evans an de Martin Scott. Plaz 3 um Podium ass fir den Ott Tänak an de Martin Järveoja op Hyundai i20 N Rally1.

RTL

Fir de Lëtzebuerger-belschen Duo Grégoire Munster a Louis Louka war et e mouvementéierte Rallye, mat villen Erausfuerderungen. No den éischten 3 Specialle louche se op Plaz 5 am General an no der 5. Special war et souguer Plaz 4. Um 2. Dag waren d'Konditiounen awer extrem schwiereg an ënnert anerem den Niwwel huet den Equipagen d'Liewe schwéier gemaach. Op der 11. Special am Niwwel konnten de Grégoire an de Louis awer sou richteg optrompen... quasi ouni Siicht a reng op d'Notte konnte de Lëtzebuerger eng 3.-séierst Zäit am General fueren. An den Tëschenzäite ware se souguer kuerzzäiteg ënnerwee Richtung Beschtzäit.

En erfreeleche Moment gouf et dann och nach, wéi si de Lëtzebuerger Fändel um Bord vun de Strecke gesinn hunn... an dat am Chile.

RTL

© Grégoire Munster

No 16 usprochsvolle Specialle war et um Enn eng gutt 7. Plaz am Generalklassement, an domadder och nees 4 Punkten an der WM-Wäertung.

WM-Klassement

An der WM behält de belschen Duo Neuville/Wydaeghe e komfortabele Lead virun den Teamkolleegen Ott Tänak a Martin Järveoja.

1) Neuville 207
2) Tänak 178 
3) Ogier 166 
4) Evans 161
5) Fourmaux 140
6) Rovanperä 114
7) Katsuta 80
8) Sordo 44
9) Pajari 41
10) Lappi 33
11) Mikkelsen 29
12) Munster 27

Chile war de leschte Schotterrallye vun der Saison. Et stinn elo nach 2 Asphaltrallyen um Programm, dat mat Zentraleuropa a Japan.