Am Automobilsport si vum 23. bis 27. Oktober d‘FIA Motorsport Games, eng Aart Olympesch Spiller vum Autosport.

Lëtzebuerg ass do duerch eng Rei Pilote vertrueden. A Spuenien zu a ronderëm Valencia gi wärend deene 4 Deeg dës FIA Motorsport Games organiséiert. Ronn 100 Natioune sinn do vertrueden a fueren ëm Gold, Sëlwer a Bronze um Circuit, am Drifting, am Rallye, Slalom, Karting, Off Road, elektresch an um Simulator an dat an insgesamt 28 Kategorien.

Hugo Arellano, Luca Becker, Steve Fernandes a Steve Kirfel, Bob Schanen, Rohan van Riel, Sandra an Daniel Donkels, Chester Kieffer, Lukas Pelizzari, an Alexandre Point verdeedegen do ons Faarwen. Si fannen dës Motorsport Games aus verschiddene Grënn ganz interessant. Den ACL gesäit fir de Lëtzebuerger Autosport an dëser Organisatioun e gewëssene Stellewäert.

Ee Commissaire Sportif vum ACL Sport ass och a Spuenien am Asaz. Et kann een op d’Resultater vun onser Delegatioun gespaant sinn an ob si déi eng oder aner Medail mat Heem bréngen.

RTL ass vum 23. bis de 27. Oktober zu Valencia bei de FIA Motorsport Games mat dobäi a wäert an Toun a Bild vum Event berichten.