Marc Marquez wënnt an Australien, Jorge Martin baut Virsprong aus

© AFP
An der Lutte ëm de WM-Titel kënne véier Pilote an deene leschten dräi Courssen nach ee Wuert matschwätzen.
Op der 17. Manche vun der MotoGP huet sech an Australien de Marc Marquez kuerz virum Schluss vun der Saison eng Victoire geséchert. Mat engem knappe Virsprong vun 0.997 Sekonne war hien um Phillip Island Circuit um Enn virum Jorge Martin an dem Francesco Bagnaia op der Arrivée. Am General kann de Jorge Martin säi Virsprong un der Spëtzt och mat der zweeter Plaz verduebelen a läit elo mat am Ganze 424 Punkten, 20 Punkte virum Francesco Bagnaia (404). De Marc Marquez ass mat 345 den Drëtten. An der aktueller Saison bleiwen nëmmen nach dräi Courssen ze fueren.
An der Moto2 gouf et eng Victoire fir de Fermin Aldeguer virum Aron Canet. Nëmmen 0.194 Sekonne louch um Enn tëscht deenen Zwee. De Senna Agius huet de Podium komplettéiert. Am General bleift den Ai Ogura mat 241 Punkte weiderhi komfortabel un der Spëtzt. Méi spannend ass et hannendrun, wou tëscht dem Aron Canet (176), dem Fermin Aldeguer (175) an dem Sergio Garcia (175) nëmmen ee Punkt den Ënnerscheed mécht.
An der Moto3 huet den neie Weltmeeschter David Alonso an Australien déi 11. Course hannertenee gewonnen. De Kolumbianer konnt sech virum Daniel Holgado an dem Adrian Fernandez behaapten. Am General baut hien de Virsprong weider op 346 Punkten. Zweeten ass hei den Daniel Holgado mat 232 Punkten an de Collin Veijer mat 209 Punkten.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 M. Marquez 39:47.702
2 J. Martin 0.997
3 F. Bagnaia 10.100
4 F. Di Giannantonio 12.997
5 E. Bastianini 13.310
6 F. Morbidelli 15.434
7 B. Binder 15.450
8 M. Vinales 16.636
9 F. Quartararo 18.757
10 R. Fernandez 19.345
Moto2
1 Fermin Aldeguer 35:08.816
2 Aron Canet 0.194
3 Senna Agius 7.228
4 Ai Ogura 8.385
5 Diogo Moreira 8.397
6 Manuel Gonzalez 10.742
7 Barry Baltus 10.775
8 Tony Arbolino 17.343
9 Sergio Garcia 17.591
10 Marcos Ramirez 17.721
Moto3
1 David Alonso 33:49.557
2 Daniel Holgado 2.936
3 Adrian Fernandez 2.939
4 Stefano Nepa 2.957
5 David Muñoz 2.972
6 Ryusei Yamanaka 3.377
7 Taiyo Furusato 3.403
8 Luca Lunetta 3.886
9 Jose Antonio Rueda 3.908
10 Angel Piqueras 3.943
De General
MotoGP
1 Jorge Martin 424 Punkten
2 Francesco Bagnaia 404
3 Marc Marquez 345
4 Enea Bastianini 331
5 Brad Binder 192
6 Pedro Acosta 181
7 Maverick Vinales 171
8 Franco Morbidelli 151
9 Fabio Di Giannantonio 150
10 Aleix Espargaro 136
Moto2
1 Ai Ogura 241
2 Aron Canet 176
3 Fermin Aldeguer 175
4 Sergio Garcia 175
5 Alonso Lopez 163
6 Manuel Gonzalez 163
7 Joe Roberts 153
8 Celestino Vietti 140
9 Tony Arbolino 135
10 Jake Dixon 133
Moto3
1 David Alonso 346
2 Daniel Holgado 232
3 Collin Veijer 209
4 Ivan Ortola 191
5 Adrian Fernandez 153
6 David Muñoz 152
7 Angel Piqueras 137
8 Jose Antonio Rueda 128
9 Joel Kelso 115
10 Ryusei Yamanaka 106