Staarke Saisonsofschloss fir den Dylan Pereira zu Shanghai

An de leschte Coursse vun der Saison 2024 huet sech de Lëtzebuerger mat enger Victoire an zwou zweete Plaze fir méi héich Aufgaben empfuel.
Fir den Dylan Pereira ass d'Saison 2024 fäerdeg. An de leschte Courssen um Formel-1-Circuit zu Shanghai konnt de Lëtzebuerger seng Aventure am Porsche Carrera Cup Asien eng Victoire an zwou zweet Plaze feieren. Mat dësem staarke Saisonsofschloss konnt hie souguer nach d'Vizemeeschterschaft, déi hien eigentlech schonn ofgeschriwwen hat, feieren.
Bei der éischter Course e Samschdeg war de Pereira vun der Pole Position gestart. Well et ze vill gereent huet, gouf de Start hannert dem Safety Car lancéiert. Uschléissend konnt sech de Lëtzebuerger séier vum Feld ofsetzen an hat um Enn eng Avance vun 8 Sekonnen op den Alessandro Ghiretti an de Martin Ragginger aus Éisträich.
Nach méi staark Reeschauere wärend der éischter Course um Sonndeg hu fir schwiereg Konditioune gesuergt an d'Course huet op en Neits hannert dem Safety Car musse gestart ginn. Dës Kéier goung den Dylan Pereira vun der drëtter Startpositioun an d'Course a konnt sech um Enn hannert dem Ghiretti als Zweete klasséieren.
Als Saisonsofschloss vum Porsche Carrera Cup Asien gouf et nach eng Endurance-Course - déi zweet iwwerhaapt an dëser Saison. Dës 45 Minutte konnten op engem dréchene Circuit gefuer ginn. De Lëtzebuerger gouf beim Start getackelt an huet sech no den éischte Kéieren op der 7. Plaz erëmfonnt, mee trotzdeem huet hie sech zeréckgekämpft an ass nees als Zweeten iwwer d'Zillinn gefuer.
Am Generalklassement krut de Pereira den Alessandro Ghiretti (308 Punkten) net méi vun der éischter Plaz verdrängt, mee huet sech mat de gudde Resultater zu Shanghai nach virun de Mathys Jaubert (249) gesat a konnt sech domat nach de Vizemeeschtertitel (268) sécheren.
Dem Dylan Pereira säi Réckbléck op d'Saison fält positiv aus: "Eng nei Serie mat onbekannte Strecken, en neit, nach e bëssen onerfuerent Team - dat war schonn eng besonnesch Erausfuerderung. (...) Vläicht ergëtt sech d'Méiglechkeet, dat am nächste Joer nach eng Kéier ze widderhuelen an dat, wat mir geléiert hunn, och an de Meeschtertitel ëmzemënzen."