Bei de FIA Motorsport Games zu Valencia hat et no de Qualifikatiounsronne ganz gutt ausgesi fir de Bob Schanen, fir eventuell souguer ganz vir matzefueren.

Et hat an der Nuecht op e Samschdeg massiv gereent, wouduerch d'Streck an engem desolaten Zoustand war. De Bob Schanen war een Ament souguer um Punkt anzepaken an heem ze fueren, well esou net drun ze denke war, dass een op där improviséierter Streck kéint Course fueren.

RTL

© Andy Brücker

Ma d'Organisateuren hunn dat Onméiglecht méiglech gemaach. Et goufen zousätzlech Maschinnen bei de Circuit bruecht, déi d'Waasser vun der Streck verdrängt hunn. Dobäi koume Waasserpompelen an den Asaz an et ass hinne gelongen, d'Streck dach nach fuerbar ze maachen.

A sengem éischte Qualifikatiounslaf e Samschdeg ass de Bob Schanen du gutt mat de Konditiounen eens ginn an e konnt eng zweete Plaz erausfueren. Am zweete Laf war et eng ganz gutt drëtt Plaz. 
Den drëtte Laf ass eréischt e Sonndeg de Moie gefuer ginn.

RTL

© Andy Brücker

Hie konnt sech fir d'Halleffinall qualifizéieren an ass hei vu Plaz 4 gestart. Et hat och alles gutt ugefaangen, an e konnt sech bis op Plaz 3 no vir kämpfen. Du gouf en awer eemol erausgedréckt, wouduerch eng Plaz verluer hat. Déi Ronn duerno koum et awer nach méi schlëmm.

RTL

© Andy Brücker

No enger Rietskéier ass e vun engem Kontrahent gedréint ginn, an e stoung du mat der Front vu sengem Cross Car widdert der Begrenzung, iwwerdeem hannert him den anere Cross Car gehënnert huet. En huet wäertvoll Zäit verluer a gouf iwwerholl, wouduerchen op Plaz 7 zeréckgefall ass. An der verbleiwender Zäit ass en nach bis op Plaz 6 no vir gefuer, ma en hätt musse 5. ginn, fir sech fir d'Final ze qualifizéieren. Deementspriechend grouss war d'Enttäuschung.

E war och nach an d'Renndirektioun reklaméieren, ma um Endresultat gouf näischt méi geännert. Aus der erhoffter Top5-Plazéierung ass näischt ginn, ma en hëlt vill Erfarung mat heem, wéi en eis am Interview no der Course gesot huet. Elo geet et lass mat der Preparatioun op déi nächst Saison, wou e wëlles huet déi komplett Europameeschterschaft ze fueren.

RTL

© Andy Brücker