
Tëschent Glamour a Gaaps… De Grousse Präis vu Monaco polariséiert wéi keen aneren. Déi glamouréis Ambiance an der Principautéit suergt op der enger Säit fir ganz vill Prestige. Op der anerer Säit ass et an den enke Stroosse vu Monte Carlo quasi onméiglech z’iwwerhuelen. Wien sech samschdes am Qualifying d’Pole séchert, ka quasi schonn de Schampes fir Sonndes owes kal stellen.
Absolutten Déifpunkt war d’Editioun 2024. Well et am éischten Tour tëschent dem Kevin Magnussen an dem Sergio Pérez gerabbelt huet, gouf d’Course mat roudem Fändel ënnerbrach. Wärend der Ënnerbriechung hunn all d’Piloten d’Pneue gewiesselt, an haten domadder hiren obligatoresche Boxestopp erleedegt. D’Suite vun der Course war déi langweilegste Pressessioun, déi d’Formel 1 jeemools gesinn huet. D’Pilote si ronderëm de Circuit geschlach fir hir Pneuen ze schounen, an esou ouni zousätzleche Boxestopp bis op d’Arrivée ze kommen. Monaco 2024 war eng Blamage fir d’Formel 1.
Elo schéngen déi Responsabel reagéieren ze wëllen. D’F1-Komissioun huet an enger Reunioun zu London decidéiert, dass fir Monaco eng Mindestzuel vu Boxestopps agefouert soll ginn. Esou soll sech eng Situatioun wéi 2024 net méi widderhuele kënnen. E spezielle Kommitee soll an e puer Woche konkret Propose maachen, wéi dës Reegelännerung am Detail ausgesi soll, zum Beispill wéi dacks d’Piloten zu Monaco stoppe mussen. Och wann domadder den eigentleche Problem net geléist gëtt, nämlech dass een um Circuit net iwwerhuele kann, besteet d’Hoffnung, dass mat dëser artifizieller Léisung op d’mannst e bësse Spannung opkënnt.
Et wier iwwregens net déi éischte Kéier, dass fir Monaco déi normal F1-Reegelen ausser Kraaft gesat ginn. Esou ass et elo schonn deen eenzege Grand-Prix, deen aus Zäitgrënn net iwwert déi normal Distanz vun 300 Kilometer geet.
Donieft huet d’Formel-1-Kommissioun an hirer Réunioun zu London wieder Changementer décidéiert.