Victoire fir de Marc Marquez an Argentinien

© AFP
Beim Gran Premio de la República Argentina konnt sech de Spuenier am Duell mat sengem Brudder ëm 0.001 Sekonn duerchsetzen.
An der MotoGP huet sech de Marc Marquez d'Victoire am Autodromo Termas de Rio Hondo an Argentinien geséchert. De Spuenier hat eng laang Zäit immensen Drock vun hannen duerch de Marc Marquez, deen et ëmmer nees probéiert huet an um Enn dann och nach u sengem Brudder laanschtzéie konnt. Déi drëtt Plaz war fir den Di Giannantonio.
An der Moto2 konnt sech de Britt Jake Dixon behaapten. Hie war no 21 Ronne mat engem klengen Ecart vun 3.525 Sekonne op de Manuel Gonzalez als Éischten op der Arrivée komm. Drëtte gouf den Italiener Celestino Vietti.
An der Moto3 gouf et dann ee komplett spuenesche Podium. Den Angel Piqueras huet sech hei ganz knapp mat 0.036 Sekonne virum Adrian Fernandez an 0.125 Sekonne virum Jose Antonio Rueda d'Victoire geholl.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1. M. Marquez 01:37.889
2. A. Marquez +0.001
3. F. Di Giannantonio +0.348
4. M. Bezzecchi +0.352
5. F. Bagnaia +0.384
6. F. Morbidelli +0.411
7. J. Mir +0.439
8. F. Aldeguer +0.458
9. P. Acosta +0.479
10. F. Quartararo +0.604
Moto2
1. J. Dixon 35:48.793
2. M. Gonzalez +3.525
3. C. Vietti +10.098
4. A. Canet +10.508
5. M. Ramirez +11.009
6. D. Binder +14.409
7. A. Escrig +16.673
8. A. Lopez +17.373
9. D. Holgado +19.035
10. A. Arenas +19.366
Moto3
1. A. Piqueras 32:31.938
2. A. Fernandez +0.036
3. J. Rueda +0.125
4. M. Bertelle +0.373
5. T. Furusato +0.236
6. D. Almanda +1.354
7. L. Lunetta +1.760
8. J. Kelso +1.950
9. R. Yamanaka +4.543
10. S. Nepa +4.702
De General
MotoGP
Moto2
Moto3