
Et ass dëst e ganz spezielle Rallye, mat Speciallen, déi an hirem Stil an an hiren Ufuerderunge keng zweete Kéier am Joer gefuer ginn. Et ass e Rallye, deen dem Lëtzebuerger Grégoire Munster besonnesch um Häerz läit, an deen och dëst Joer do e gutt Resultat wëll erausfueren.

Um Shakedown e Mëttwoch hat et scho mol guer net sou schlecht ugefaangen, well nom 1. Passage war hien de 5.-Séiersten, zesumme mat sengem belsche Copilot Louis Louka.
En Donneschdeg ass et du lassgaange mam richtege Rallye. Hei stoungen zwou méi kuerz Speciallen um Programm. Déi 1. Speciale war eng sougenannte “Super Special”, déi iwwer 4,76 goung an hei konnt sech den Elfyn Evans um Toyota GR Yaris Rally1 déi 1. Beschtzäit vum Rallye sécheren. Fir de Grégoire Munster an de Louis Louka war et Plaz 5 mam M-Sport Ford Puma Rally1. Si haten 2,5 Sekonne Réckstand.
Op der 2. Speciale goung et du schonn iwwer 8,27km, an do war et den Ott Tänak, deen a 6min41,1 d’Beschtzäit gesat hat, dat um Hyundai i20 N Rally1.
Eng ganz gutt Affär gemaach hunn hei de Grégoire Munster an de Louis Louka, well si waren déi drëttséierst, nëmmen 2,3 Sekonnen hannert Tänak/Järveoja. Si konnte Pilote wéi Rovanperä, Evans an Neuville hannert sech loossen, fir just déi ze nennen.
Mat där Zäit hu se sech och op Plaz 3 am Generalklassement no vir geschafft. Kloer sinn eréischt 2 Specialle gefuer ginn, an awer iwwernuecht de Lëtzebuerger-belschen Duo op enger Podiumsplaz an der Nuecht op e Freideg. Dat ass sécherlech eng Situatioun, un déi déi 2 jonk Sportler sech gewinne kéinten.
Um Freideg stinn net manner wéi 8 Speciallen um Programm, dat iwwer 158km. De Grégoire Munster geet dovunner aus, dass déi Speciallen den häertsten Deel vum Rallye dierften duerstellen.

Um Samschdeg sinn et nach emol 6 Speciallen, mat enger Gesamtlängt vun 146,5 Kilometer, éier e Sonndeg de Rallye dann no 5 weidere Speciallen (66km) op en Enn geet.
Wien dëse Rallye gewënnt, kann zu engem groussen Deel och der Fiabilitéit vum Auto Merci soen, well déi ginn hei extrem gefuerdert.