Beim 4. Laf vun der Rallye-Weltmeeschterschaft gëtt bei der Rallye Islas Canarias ëm Beschtzäite gefuer.

Et ass den éischte rengen Asphalt-Laf vun der Saison. 
No den éischte 6 Speciallen, déi um Freideg gefuer goufen, kristalliséiert sech eraus, dass kee Wee laanscht eng Victoire vun Toyota dierft féieren. Do ass et virun allem de Finn Kalle Rovanperä, deen d'Konkurrente mat sengem Speed schockéiert. En ass all d'Beschtzäiten um Freideg gefuer an huet no 6 Specialle scho 26,8 Sekonne Virsprong op säin Teamkolleeg Sébastien Ogier.

RTL

© Nikos Katikis / Nikos Katikis / DPPI via AFP

Plazen 3, 4 a 5 sinn och fir Toyota-Piloten, dat mam Elfyn Evans, dem Sami Pajari an dem Takamoto Katsuta. 
Den aktuelle Weltmeeschter Thierry Neuville huet op Plaz 6 schonn 1min13,3 Réckstand op de Leader Rovanperä.

De Lëtzebuerger Grégoire Munster kënnt op sengem Ford Puma just op Plaz 9, dat mat 2min11,1 Réckstand. Moies op den dräi éischte Speciallen ass den Auto immens vill gerutscht, wouduerch et schwiereg war Vertrauen opzebauen. Am Service an der Mëttesstonn huet een zwar e puer Ännerungen am Setup gemaach, ma et huet net wierklech eppes bruecht. De Grégoire Munster huet d'Situatioun um Enn vum Freideg als "frustrant" bezeechent. Et géif een awer net opginn an um Samschdeg nees mat voller Motivatioun attackéieren.

RTL

© Manaure QUINTERO / AFP